Just eng Idee, wanns de dei 2 ungeschnidden Fenster geifs eweg croppen, op daat eventuel besser riewer kennt, mee just meng Meenung, well den wäissen Hut gefällt !
Ech hune esou munches probeiert an sin zum Schluss komm, dass se esou, fier mech, am beschten wierkt. Ouni dei ugeschnidden Fenster feelt et mier un Dynamik.
awer freet mech wann se gefàllt
Ech denken, datt di Fënster rechts muss op der Foto si, well si ersetzt souzesoen deen Deel vun der lénkser Fënster, dee wech geschnidden ass. E bësse sou wéi de running Gag vum Typ, dee rechts aus dem Ecran rasugeet an de kuerz drop neess vu lénks an d'Bild erakënnt.
Gesellschaftlech wéi sozial gelongene Street. Ech waar emool am Club Camera Lëtzebuerg, do waare Leit déi hun bei all Foto gemengt et misst een, uewen, lenks a riets eppes eweschschneiden, do hun ech mer geduet, ädddi a merci.
merci fier dein Comment, freet mech wann se gefällt
ech sin fier all Zort vun Kritik op, huelen Rotschleih un, respektif iwwerlee'en mier ob aaner Leit hier Ideen menger Idee denglech sin ... an dann decideieren ech ob ech eppes änneren ... oder net. Et gefällt mier besser wann PG-User mier bei enger Photo soen, dass dei neicht war, resp. op waat ech besser opzepassen hätt wei wann keen sech iwwert daat Bild äussert. Ech sin selwer och riit eraus, soen waat mech bei enger Foto steiert respektif gudd gefällt. Doduerch entsteet emmer nees en flotten Austausch. Et ass jo keng "Mussen-Saach", et kann een et maachen oder eben net.