Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Candela

 
Candela
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    11.07.2023
  • Gekuckt:
    4433
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/125 sec
  • Blend:
    f/18
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0.33333333333333 EV
  • Gréisst:
    900x900
  • Späicherplaz:
    235 KB
  • Originaldatum:
    2023:04:17 15:03:46
  • Fotoapparat:
    NIKON D90
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
    Tamron 10-24
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92676]
Kommentar vum Fotograf:
Eng léiw Serveuse bei der Strandpromenade zu Meloneras op Gran Canaria.

Keng Ahnung firwaat ech do Blend 18 gewielt haat :-)

P.S. Ech sen jo net deen Portraitsspezialist, all Kritk ass wëllkom.
tormi 11.07.2023 - 16:08
Blende 18 ... nervösitéit?? closed_eye

Insgesamt fannen ech se iergendwei flou, d'Aen sin esou ongewinnt, d'Hoer och onwierklech ... soll daat mat rechten Dengen zougaangen sin ????
Paul-H 11.07.2023 - 16:29
Nee, nervös war ech net smile Foto war spontan gemaach gin, guer net geplangt. Ech denken ech haat Blend18 nach vun enger aanerer Scene dran a vergiess meng Astellungen sou séier ze änneren.
Fir de Rescht: Jo ech hun vill un de Regler gedréit, wahrscheinlech zevill. Mee den Original ass immens däischter an ech hun versicht daat Bescht draus ze maachen.
Villmools Merci awer fir däin Kommentar.
Nicon07 14.07.2023 - 09:15
Wanns du scho selwer sou kritesch mat dir selwer bass, dann erlaben ech mir just mäi bescheidene Gedanken zu dëser Foto: ech duecht den éischte Moment, dat wier eng k.i.-generéiert Foto.

Awer du, wéi ech mir di Saach mol méi laang ugekucht hun, hun ech fonnt, datt se, trotz, oder grad wéinst den Imperfectiounen, eng flott Foto ass, déi d'Potenzial huet ze gefalen. Si erënnert ee bëssen un dee Fotogrf aus de 70er Joeren, dee "mat enger Nylonsstrëmp iwwert dem Objektiv" séng Models geknipst huet. (Ech weess lo nit, ob s du dat als Frechheet ophëlls, mais dat ass op kee Fall sou gemengt) Ech fannen, deen Effekt Softfilter passt eigentléch gutt bei dat Gesiicht vun der Serveuse. Fazit: net perfekt, mais vläicht grad dowéinst uspriechend.
Paul-H 14.07.2023 - 13:53
Villmools Merci fir däin Kommentar Nico. Nee, ech huelen daat natierlech net als Frechheet un, am Géigendeel, ech hun jo no Kritik gefroot. Fréier waren et eben d'Nylonsstrëmp, haut sin et digital Filteren. Woubäi een mat den Filteren kann iwerdreiwen.
Nicon07 14.07.2023 - 18:22
Mat de Strëmp kann een dat och! Ech denken do u Varicestrëmp z.B. bigsmile
Paul-H 14.07.2023 - 20:51
smile
Zora 14.07.2023 - 13:29
Ben vläit bessen onschaarf, mee Madame rappt daat erem eraus, gefällt mer smile
Paul-H 14.07.2023 - 13:49
Villmools Merci Pierrette.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 486 Gäscht online