exzellent Photo, flotten Bildopbau, knackeg schaarf, gefällt mier gudd ... just den Infraroutfilter, deen kann ech nach net esou richteg aschätzen. Ech fannen, dass d'Beem dann emmer ausgesin wei wann Schnéi drop giff leien.
Dat stellen ech jo och nit a Fro, datt dat nach muss bei dir sacken. A wann dat ni ganz ënnen ukënnt, dann ass dat ganz an der Rei. Ech wollt just soen, datt ee keng IR-Foto brauch, fir kontrastéiert a knackeg S/W-Fotoen ze maachen, mais datt, wann een IR-Fotoe mécht, séch banz bewosst fir sou een Effekt entscheed. Pass op! Ech hu gëschter ee Rollei Infrared a méng Pentax 6/7 gemaach an ee Roudfilter op d'Objektiv geschrauwt. Lo gin ech mol kucke, wat dat am Analoge gëtt an ob den Effekt t'selwécht ass, wéi hei am Digitale mat IR-Filter.
Do gëtt et jo awer nach vill aaner wäiss Bléien, déi a Fro kommen. Fir lo keen hei ze veräpelen: et gëtt ee jo mëll an der Biir, wann ee séch an d'Käschte geheit fir datt et nit zu enger Schnéiball-Schluecht kënnt.
Als pädagogeschen "dem Molière séng Sprooch" Vermëttlenden sin ech soss näischt gewinnt, wéi mat de Wieder an hire villschichtege Bedeitungen ze jongléieren.