D'Cathérine Trautman, ex-Burgermeeschtesch vu Strosbuerg, sot zu hirer Zäit, datt "une ville sans grue est une ville morte".
Di Foto hei erënnert méch un ee video, deen ech gesin hun eemol, wou ee séch amuséiert huet, d'Bewegunge vu Kranen am Zäitraffer ze weise, wéi wann se géingen danzen.
An dann ass hei dee liichten Niwwel am Himmel, dee mécht, datt do net all Arm vun de Kraner gläisch scharf oder diffus ass, deen hei zu engem groussen Deel d'Bild ausmécht.
mee, waat hun mier dann fier eng wahnsinneg liewech Staadt ... dass Kranen stin ass jo selbstverständlech, just dass eben momentan der immenz vill doremmer stinn fällt op ... Wuestum ok, awer mat Bedacht
Et muss een effektiv kucke, firwat déi Kranen do stin.Ob dat, wat mat deene gebaut gëtt och nohalteg ass, an all de Sënner vun deem Wuert, net nëmmen deem öcologeschen. Wat hëlleft et, Büroen ze bauen, déi ni wärte verlount gi, well eng Bréifkëscht duergeet an dofir keng Wunnengen? Oder Luxus an Haut Standard-Wunnéngen, déi séch ausser e puer Happy few, kee leeschte kann? Mais stop! Hei ass ee Fotoforum. Also gëtt elo hei keng Sozialpolitik gemaach. (Domadder hun ech méch gemengt!)
Do erënners du méch drun, datt ech mol nach séier de Plateau tëscht Heischent a Kiemen ouni Wandkraftanlagen knipse muss. Deen éischte Sockel fir di nei ass scho gegoss. Wann ech dee Querschnëtt gesin, da mussen dat regelrecht Monstere gin. Turmbau vu Elektrobabel. (Ups, lo hat ech scho bal neess eppes gesot, wat nit op ee Fotoforum gehéiert. )