Zanter laanger Zäit och mol neess mat menger
treier Begleederin ënnerwee, déi ech mir 1984 zougeluecht hun, an deemno och net méi di jéngst ass, mäi nach ëmmer tadelos fontionnéiert, an am digitalen Zäitalter genee wéi och meng Sinar leider e bëssen an de Vergiess geroden ass.
Eng bekannte Platz vu wou ech schonns esou etlech Biller hei gewisen hun, hei eng analog Versioun.
Et sollt een Essai sin andeems ech mäi lëschte Rullfilm aus menger Reserve a meng ebenfalls lëschte Chemikalien verschafft hun.
D'Resultater erstaune mech total, an zwar positiv. Vu dat de Film, ee Fuji Neopan Across deen ech am Frigo gelagert hat, a scho längstens ofgelaf war, 07/2008 nach ganz gutt op deen ebenfalls säit e puer Joer ugesate "Stock" D76 Entwéckler vu Kodak nach esou gutt reagéiert huet.
Entwékler oxidéieren mat der Zäit wa se bis ugesat sin an d'Intensitéit léisst no, mäi vu dat mäin Entwéckler an enger voller däischterer Glasfläsch stockéiert war, an deen trotz dem Alter nach kloer ausgesinn huet hun ech mech getraut fir mäi Gléck ze versichen. Fir op der sécherer Säit ze sin hun ech awer virsiichtshallwer decidéiert d'Standardentwécklungszäit vun 10 1/2 Minuten wou fir dës Film - Entwécklerkombinatioun bedréit ëm 25% ze verlängeren.
D'Verdënnung war wéi üblech 1+1 fir een homogenen a renge Grain z'erreechen. Beliicht gouf dëst Negativ op 80 ASA fir dem Scharzschëldeffekt entgéintzewierken mat der 2 Sekonne Beliichtung.