Vum Gornergrat huet een natierlech eng super Vue op Dufourspëtzt an dat ganzt vergletschert Monte-Rosa Massiv. Deen héige Sonnestand an dat haart Liicht ëm d'Mëttesstonn sin net onbedingt vu Virdeel an der Fotografie, dofir sin awer d'Wolléken eng wëllkomm Plus-value hei am Bild.
Gefällt mir gutt.
Kuck och emol hei, do hun ech virun e puer Joer am spéide Nomëtteg um Wee fir op d'Monte-Rosa Hütt praktesch esou eng ähnlech Vue fotograféiert.
Déng Fotoe vun do uewe sin awer och exzellent. Wéi ass dat da, fir op déi Hütt do ze goen? Muss een do extra equipéiert sin a klamme kënnen, oder kommen och sou Flachlandtiroler mat liichtem Wohlstandsgewächs op den Hëfften mat uerdentléche Wanderschung dohinner?
Deng Fro ass schwéier ze beäntwerten, de Wee ass jiddefalls als ganz schwiereg agestuft, ...ouni Seel a Crampo'en un de Schung geet et NET. Ech hun d'Hütt leider och net gesin, um Niveau vum Gletscher (no de Metall-Leederen) war et einfach ze geféierlech, a fir meng Fra a mech war hei Schluss
E gudden Abléck vun der Schwieregkeet vum Wee verschaaft dir dësen Amateurfilm
Merci fir dat 'exzellent'
Merci! dat as dann och näischt fir eis! Dat hätt ech da misse virun 30 Joer maachen, wéi ech nachméi sportléch war. Fir elo mat Mëtt 50 di néideg Form neess ze kréie, misst ech scho vill Zäit an Energie investéieren. Da bleiwen ech da léiwer op den "touristesche" Weeër a maache Fotoe vu wäitem.
Merci, René. Ech weess ganz gudd, wéi et ass, an der praller Mëttessonn ze fotograféieren, mais genau sou wësse mir semi-Profifotografen awer och, datt d'Ausnahm d'Regel bestätegt.
Effektiv kann ech vu Chance schwätzen, datt deemols do uewen d'Wolleken do waren.
?%u2039mmer nees schéin ze kucken wann och engem d'Häerz blutt wann de Misère gesäit wéi de Gletscher sech zréck gezun huet. Egal wéi, eng imposant Vue mat schéinen Détailer a Kontraster hues de do festgehal. Gefällt mer excellent.
Gletschere wuessen an zéien séch zréck, dat ass normal, och ouni dem Mënsch säi schiedléchen Afloss. Kuck mol eng Kéier genee, wanns du an de Bierger ënnerwee bass: do gesäis du Spuere vu Gletscheren, déi scho méi wi 100 Joer aal sin. A wann d'Katastrofeproféiten an den Dokumentären op arte asw... Recht behaalen, da brécht geschwënn dee gréisste Vulkan op Island aus, a vläicht och d'Solfatara an der Bucht vun Neapel an den Death Valley oder den Krakatau op Indonesien, an da kréie mir wéi am spéide Mëttelalter neess eng kleng Äiszäit mat Néierschlag dat ganzt Joer, niddregen Temperaturen an Hongersnout...