flott Foto mat knackeger Beliichtung an gudder Bearbechtung - stéiren mecht mech den Stepsfleck lenks, an dei liicht Well an den Grotéin (och lenks) - sinn Klengeschkeeten dei sech secherlech repareiren lossen vir daat perfekt proppert Resultat.
FLOTT!
Perséinlech fannen ech dess Foto zevill Gro, an et geseit een et an den Tounwerter. Déi Streifen am Bild,lenks an riets wou et vum donkelen an dat hellt geet sin zimlech stark, an stéieren an der Foto.
Ech hun mol probéiert e puer Korrekturen ze machen an denger Foto.
Kuck mol hei:
http://www.bilder-upload.eu/show.php?file=530dc8-1492848581.jpg
Deng Ännerungen maache direkt eng aner Foto draus, eng Foto wéis DU se gemaach/verschafft häss Wat och net schlecht ass (ass eben méi klassesch) mee ech denken, dass déi Kontrastlosegkeet sou gewollt war an sou gefällt maer se och am bäschten.
Jo,et ass just meng perséinlech Meenung
Ech fannen se esou och net schlecht. Et muss net all Foto kontrastreich sin. Wat awer an der Foto stéiert (fannen ech)dat sin déi Streifen, an déi kann een ewesch machen oder zumindest ofschwäschen dass se net esou stark sin.
Merci un alleguer vir déi vill Kommentarer and groussen Merci vir den Vote als Foto vun der Woch!
Zum Thema schwaach Tounwerter an Kontrastlosegkeet, dat war genau esou beabsichtegt, ewei och vum marischen bemierkt, gewollt bedeckt, keng extrem Werter an en "faded" look fir dass den subjektiven Fokus zu 100% ob den Mond geet an net duerch haart Kontraster am Hutt ofgelenkt gëtt.