Herrleche grafismus... Flott wäissteinung an gro teinung.. Awer den himmel ass ze schwarz .. an en plus fir d'presenz vun luucht op d'Arkaden wou een net wees wou et hierkennt!!! Soss herrlech
Merci gtaddei1, freeë iwwert däi Kommentar awer och iwwert deng Verbesserungsvirschléi.
Den Himmel war blo, ouni Wolleken. De Blokanal net komplett eroffueren huet Rauschen an ellen Ofrëss mat sech bruecht. Well et bal abstrakt grafesch ass, huet dat komplett Schwaarzt mech lo net esou gestéiert.
Mee ech misst emol zréck goe bei partiell bewölktem Himmel an eng Laangzäitpose probéieren... affaire à suivre!
Jo... Me wannste den himmel mat roudfilter verdäischterst, an daat mat silvereffects, an d'structure eroofschrauwst dann get et mei douce iwert d'bühn... Deng konsuderatioun ass och richtesch ... beim totalgrafismus ass schwarzen himmel total ok
Merci Abacab!
Mir hunn hei déi wäiss-gro-schwaarz Fläche gefall, déi just duerch d'Spiral an hirem Schied strukturéiert ginn an sou Beweegung kréien.
Den Himmel ass eng Abstraktioun an dofir huet mech Pechschwaarz och net direkt gestéiert.
Ech freeë mech awer iwwer all Diskussioun!
Eng Richteg Spiral un sech ass et eigentlech eréischt duerch Schieter, An do gesäit een jo awer wou Liicht hir kennt. Schéin geschwongen Form mat de Linnen an de Schieter! Wonnerbar ouni zweiwel am SW gewisen! Den Schwaarzen Himmel Passt och fir mech ganz gutt wéinst de Kontraster.
Fir mech eng ganz gutt Aarbecht gutt Cadréiert an schéin ze kucken!
Merci Conley, fir de Kommentar an de Fav.! Si frou wa se dir gefält!
D'Spiral gesäit een nëmmen hallef well si leeft hannert deeër wäisser Sail weider.