Dancing with the devil
Ganz stëmmungsvoll Biller, I Like!
Schued datt op 1 d'Fangere nët ganz drop sin an 4 vill zevill Plaz lénks ass (ech géif déi 4. Héichkant cadréieren an déi wäiss Punkten plooschteren oder stempelen.
Genee!
Stemmt, dat mat de Fangeren wua mer mol net opgefall! Obwuel ech do normalerweis immens kriddeleg sin.
Zur 4: onrecht hues de net! Allerdengs fannen ech d'Linnen lenks interessant an d'Punkten fannen ech droen zu der 'Authentizitéit' bei. Wat net heescht dass d'Foto, sou weis du se fierschléis, vläit mi attraktiv wier!
Estragon, ech gin dir hei komplett Recht. Ech fannen dei waiss Punkten och herrlech. Fir mech droen déi wieklech zur Foto bai an maachen se méi expressiv, mei mysteriéis op eng Manéier. Fannen ech supper, eben grad och well se net sou traditionell geschnidden ass.
Absolut d'accord, déi ganz Serie ass gutt!
Ech hun den Owend an de Rotonden op der Slidenight vun SPLux och genial Biller vu Go by Brooks gesin a si nach ëmmer impressionnéiert.