super BEA, och wann den Himmel op der Limit as.
Kadrage fannen ech net sou gut.
Duerch dei mëtteg Positioun vum Luuchtepoteau verschwend dei ganz wierkung vun der Déift mat der schéiner Keier.
Ech hätt (als Idee juste) Dei Fou tescht Pavé an Bordure an den Eck laafen gelooss an den Poteau mei lenks an den drëttel gesaat. Sou kann de Bléck nach dem Gelänner no schein an t'Deift laafen iert en um Horizont ukennt an aus dem Bild geht. Zumols well als klengen Haltepunkt do nach deen (Leuchttuerm?) ganz hannen ze gesin as.
Merci fir deng Idee.
Ech war tëschent 05:30h- 07:30h op der Plaatz an hunn /- 300 Prisen gemeet, der "Eckenläufer" sinn och derbai.
Ech hunn hei bewosst den "idealen Cadrage" opginn zu Gonschten vun, a mengen Aan, dem idealen Himmel , an an dem Fall mëcht de Luutepoteau déi ideal Jonctioun tëschent Himmel an Erd.
Hei nach de link zu enger (praisgekréinter) Opnahm vun engem lokale Fotograf, déi mëch dozou bruecht huet den A... Moies aus dem Bett ze hiewen an dohin ze fueren.