Schéi wat Faarwen an Stëmmung ubelaangt marker. Wann's de awer d'Ufer mat abezunn häss wier Déiftenwierkung an mengen Aen nach besser gewiergt. Och eng liicht Iwwerschärfung ass an de Konturen vun den Tierm an am Schilf ze gesinn.
Dat war ee Kompromëss, entweder méi Ufer a manner Himmel oder ëmgedréint. Ech hu mech hei fir den Damp vun de Killtierm an dem Himmel décidéiert. Méi eng kuerz Brennwäit hätt alles mat abezunn, awer d'Dominanz vun de Killtierm hätt secherlech gelidden..??
Op alle Fall Merci fir deng Appreciatioun Conley
Eng liicht méi déif Perspektiv an een pur Schrëtt no hannen, wier och nach eng méiglech Alternativ. Dann häss de ongeféier 2/3 fir an 1/3 iwwert dem Ufer an uewen praktesch dat selwecht. An den Horizont wier net esou an der Mëtt ??
..wien ass schon e Frend vun dëser Zentral..., ...ausser fläicht déijéineg wou hiert Brout do verdingen..??
..fir de ''super'' op jidde Fall Merci gesot Jean-Marie