Fir mech ass et een interessanten Outdoor-shooting, bei dem d'Kompositiounen durchaus brauchbar sinn. (1 an 2 sinn ganz gudd gelongen waat dLinnenféirung ungeet) - derbai kent een Filtrage den mech perséinlech unsprecht an vun dem ech fannen dass en bei dFaarwen an der Foto passen.
iwwert d'Nr.3 léisst sech streiden, ass net main Fall, mee wann mer et sou STRENG huelen mat den "Serien", bleift net méi vill brauchbares an där Kategorie...
Ausserdem: wann ech gesinn waat alles sou schon an den Wochenfoto-Voting mat dran gerutscht ass, fannen ech dass des Fotoen BAI WAITEM nach net déi schlechst sinn dei ech do gesinn hunn...
Meenungen, ginn nun mol ausserneen, wat net emmer schlecht ass.
"Sorry, micky-maus!"
Ann der Theorie soll also Linienführung op een Eecatcher leeden, waat se jo hei awer net maachen, hei bleiwt den Bleck op den Schong oder Been hänken (1 2)
Mat den Faerwen ass a.d.g. Mier sinn ass ze vill giel dran. Daat muss awer jiderengem selwer gefaallen....
Daat ann den Wochen oofstemmungen komisch Saachen heinsto dran sinn, ginn ech Dier Recht. Awer deen Problem ass hei schonn oft diskuteiert ginn.
Déi Geschicht mat der Linnienféierung ass schéin a gutt vir Stills, Landschaften an Architektur, mee soubal Mënschen mat am Spill sinn kanns de dat vergiessen. Jiddereen ass natierlech verulaacht direkt Gesiichter ze erkennen an doduerch ass dat ëmmer den Fokuspunkt an engem Bild, egal wou et ass.
Zu denger Äntwert un den Oli: En bëssen Respekt géif net schueden, och wann et 'just' online ass. Ech schreiwen och net all Kéier en dommen Kommentar bei deng Fotoen wann se mer net gefalen. D'ass jo net wéi wann's de keng konstruktiv Kiritk schreiwen kéints... Déi wier vollkommen duer gaang. Mol ofgesinn dat's de mech an den Oli mat sou eppes brusquéiers solls de och mol iwwerleeën wat den Model denkt wann en d'Kommentarer hei liest.
All weider Kommentarer heizou w.e.g. per PN.
Pfff, hunn hei weder den Oli nach Dech bruskeiert... Wann ech well wessen firwaat een eng Foto well als WF gesinn froen ech daat online. PUNKT. Diskusioun ass joo hei KLOER iwwert technik vunn der Fotografie gaang. Eng normal Diskusioun wei se emmer am Ufank wei ech bei PG ugefaang haat woer. Verstinn net virwaat ech hei soll oofgewiercht ginn....
Wann hei ett een Problem ass, well ech froen op daat eng würdech WF ass, fannen ech daat traurech, ann ausserdeem hunn ech iwwert den Cadrage geschwaat ann net iwert den Model.
Ann keng Kommentarer iwwert PN, well ech naischt falsches geschriwwen hunn.
Deng Fro war bessi rukizuck aus dem Bauch eraus, mat villen Fragezeichen, warscheinlech doweinst!
Vun menger Sait naischt fir ongut (wien kann schon vun sech behaapten en geiff EMMER ALLES korrekt an ausgeduecht formuleiren...)
Wat d'Linnenféirung ungeet hunn ech och een gewessen Hannergrond, den ech mer allerdings net mat engem x-Internetblog (merci trotzdem fir den Link), iwwert laang Jooren opgebaut hunn. Nimm wei Alfred Eisenstaedt oder och nach Henri Cartier Bresson dierften do wuel een Begreff sinn.....
Ausserdem sinn ech Fan vun NAIEN, net-klassechen Interpretatiounen, emmerhin geet fir mech eng ENTWECKLUNG fir, och wann daat op Käschten vun den Traditiounen ass - een Stachel am Aan vun all CV-Wieler...
Salut Bob,
Hmmm, wees jo nöt, awer bei däer 1. steiert mech immens daat Gewurzels am Fiergrond ann riets.
Denken fier eng Deift drann ze kreien wier eng Wurzel fier genuch, ann hät se riets oofgeschnidden ann lenks Plaatz geloos, dann wier se viiil mei roueg ginn, hei ass, fannen ech, tumatsch, ann mecht Foto onroueg. (Baamstamm riets wäer dann och fort)
Dei 2. ass Däin Model flatsch ann der Mett matt enger Tendez no riets kippen. Och am Carre wier se besser well uewen ann ennen naischt ze kucken gett. Cadrage ass doo mengen ech mei drann, oder?
Dei 3. selwecht wei dei 2.
D'Gewuerzels ass hei net nëmmen Hg, mee wollt et schonn an d'Bild mat abauen. Soss brauch ech mer d'Méi net ze maachen bis an den Bësch ze lafen an mech mat der Krätzluucht do ze ploen. Ech kéint déi éischt riets sou schneiden dat dat Stéck Bam do nach fort ass, dat ass richteg. Mee wann ech méi vun den Wuerzelen wech schneiden sinn déi just nach Mëttel zum Zweck an stéieren.
Déi 2t ass am Carré ze enk, an eng anerer Ratio ass näischt Hallwes an näischt Ganzes...
Oke, meng ass eng aaner Idee wei Deng, hunn leiwer mei een rouechen Cader fier Porträen. Awer wann Dier ett esou gudd gefällt, dann soll ett esou sinn.
mäin éischte Gedanke bei 1 war hei:
wat soll ech kuckken?
d'Wuerzelen oder de Mensch.
d'Bild ass zimlech onroueg an d'Aan fënnt keen Punkt fir festzehaalen, beschtefalls bleiwt et um Schong pechen,
dëst ware meng Impressiounen ier ech dem micky-maus säi Kommentar gelies haat,
ech sin awer 100 pro mat sengem Kommentar averstaan, och fir déi aaner Biller
Am Géigensaatz zu aaneren hei gefaalen mir déi Wuurzelen virum Model um 1. Bild déi hei och mäin Favorit as. "Vordergrund macht Bild gesund"
Trotz dem "Duercherneen" fällt"den Bléck awer direkt op d'Aen waat jo bei engem Portrait wichteg as.
Fir mech eng gudd gelongen Foto!
Déi éischt gefält mer. Bei der zweeter ass den Aarm net natierlech gehal. Déi drëtt wierkt komesch well en net kuckt wou en hi spréngt. Dat wierkt op mech onnatierlech; ech wëll wësse wou ech landen.
Ech fannen dat den Aarm eigentlech nach geet, d'Hand ass wierklech net sou ganz natierlech, dat stëmmt. Déi 3t hunn ech och dat en rof kuckt, mee do huet eis awer allen zwee déi hei besser gefall. Verschaffen déi aner och mol an kucken wéi déi dann ausgesäit.