Hei mai Baitrag zum Workshop vun e Samsdeg. E flotten Daag an enger sympatescher Ronn.
Hu mech och mol am PS probéiert. Si frou fier all Rootschlo a Remarque.
Firwat hutt der hei all d'Fotoen am Landscape gemaach amplaz am Portrait? Den Numm seet jo schonn wat besser vir wat ass.
Ofgesinn dovunner kann ech mech net ganz mat denger Bea ufrënnen, d'Gesiicht ass ze flou. Wann's de d'Haut wëlls weechzeechnen muss de dat selektiv just op d'Haut maachen, soss gesäit et aus wéi wann d'Foto net ganz schäerf wier. Kanns dat z.B. einfach op engem 2ten Layer maachen an deem's de d'Mask herno iwwer den Aan schwaarz mëss. Oder eben mat SmartFilter'en.
ech gesin wat de bambi mengt, a stemmen him zou. wanns de do géings e besser manner draknätschen an an engem déi säck ennert den aa'n ewechman, da wier d'kim bestëmmt méi frou.
apropos kompostitioun: probéier -wanns de wells- lénks e gudd stéck ewech ze schneiden. ee verhältnis vun 3:4 amplatz 2:3. ech mengen dat giff alles méi stëmmeg man.
Merci fier dei tips. Wiert mech den Owend nach emol dobai setzen an probéiren et besser ze man. Komëscherweis as awer meng Bea doheem nët sou flou?! Kann dat sin dat et duerch d'Gréissten- a Speicherreduzéirung méi flou gët?
@Marc: häss mol misse meng éischt versioun gesin, dei war sou flou dat een d'Kim bal nët mei gesin huet
@bob: wierd se dann den owend och am "ortrait" man; mat mask schwarz man schwätz de nach bëssi chinesësch fier mech, geheien mech dann awer och hannert meng lecture a fannen dat raus
jo, lo schieb mär alles an d'schung hei vill spass beim emfierwen
deen hannergrond kéint mat enger vignette méi intressant gin (nemmen um HG, net um kim)