Déi liewe jo awer dovun: ech mengen, do sinn der vill, déi vergiesse weem s dat ze verdanken hunn. Hunn dat ëmmer bei U2 staark font, wann de Bono de Leit Merci seet, fir dat Liewe, wat mir deenen erméiglechen.
Wann ech dann den décke fetten Depardieu gesinn, dee net wëllt deelen, mat deenen, déi him déi Panz finanzéiert hunn, da katzen ech.
Elo kuerz hun ech e schéinen Numm vum Depardieu héiren.
Hien heescht elo Gerard URINSKI ...haha (ech gin emol dervun aus Du kenns déi Story aus dem Flieger, wou hien an den Gank geschi....huet).
Du schreiws et wier en richtegen Kampf fir Akkreditéirungen ze kréien, mais dann weis hinnen emol e puer vun dengen TOP Photoen, an wann se dann neen soen, dann ass hinnen net ze hellefen, well ech mengen besserer kréien se keng !!
Erem eng super Photo !
D'Qualitéit vun den Biller intresséiert keen Schwein! Dat eenzegt wat fir den Label zielt ass den Medium. Fir den Medium zielt vivill Klicks genereiert ginn wëll dat brengt Geld. Ech kréien fir keent vun mengen Biller och nëmmen 1 cent. An ët ass eng Course ween fir d'eischt beim Medium freet wëll den kritt en zougesprach ... et stinn nach 5 annerer hannendrun déi ët och wëllen machen. Sou lang ët Metal ass hunn ech keen Problem, wëll dat soss keen intresséiert
Erkläer mier daat mol.... "Tonal Kontraster" Wees net waat daat ass, Resultat ass awer genial, Schluck.
Ginn meng och esou gudd wann ech Tonal Kontraster benotzen?