et stemmt dass een den Bletz gesait, mee daat stéiert mech net onbedingt - ech fannen den Opbau gelongen, an dFaarwen wierklech flott!
Fotoen mam MP-E sinn rare hai um Site, dofir hunn ech se mat an dSammlung geholl!
Merci Oli,dat freet mech
Ech hun mech vill mat dem MP-E Objektiv amüséiert
an ech fannen et as vill Gedold gefrot fir
iwwerhapt een bessen passabelt Resultat ze kréien.
joh, hunn effektiv schon oft héiren dass daat een zimlech speziellt Objektiv ass, mat dem een net "einfach sou mol bessi knipst" - giff mech interesseiren et enka auszeprobeiren, mee mengen net dass et eppes ass fir an meng Sammlung - main naien 100mm L IS ass warscheinlech een gudd Steck mei handlech an polyvalent.
Ech hat mir dat Objektiv ausgeléint
an hunn all meng Ufangsmakroen
domadder gemaach.Aus menger Erfahrung
kann ech nëmmen soen Resultat as fir
mech frustrant an di pur passabel Biller
déi ech fäerdeg bruecht hunn waren nach éischter
Zoufallsopnahmen.
Dat ass sécherlech keen Objektiv fir
den deeglechen Gebrauch, éischter
fir een Fotograf mat vill Erfahrung deen zousätzlech
eng Erausfuerderung sicht!
Dofir hun ech et och nodeems ech
mir den Canon EF 100mm f/2.8L
Macro IS USM kaaft hat och ni méi
benotzt