Ausser dem zousätzlechen Lach am Porte-Monnaie bereien ech ët nët, hunn ën lo baal ee Mount an hunn schon eng yet Biller domat gemach an sinn ganz zefridden. Meng Aal Versioun woar zanter engem Joër futti an ët scheng wéi wann ech ee scharft Exemplar erwëscht hät. Hun Concertën, Lanschaften an Porträiten gemach an alles tiptop.
Hei stemmt och rem einfach alles...super Bild, wéi all deng Concertsfotoen.
Bei dem Borscht an der Pose kennt een awer bal färten, fir deem sou no ze kommen.
Tip top.
Beneiden dech fir deng Concertsfotoen (awer net nemme fir déi)
Merci gesoot, also ze beneiden sinn ech définitiv nët, sinn awer doduerch och zimmelch viil Ënnerwee .. mais bon bekloen machen ech mechh just ee bëssen ... soulang d'Resultater stëmmen
Nee, dat mol nët, ech schaffen ëmmer mat Spot (manuell) an den lung Permanent ob den Aen, kuck um Site sinn der nach ee puer. Hat éichter Chance dass ën mer den Fanger baal an d'Objektiv gestach huet
Daat haat ech mer geduecht dass de géings mam Spot schaffen, daat ass wéinstens prézis, allerdengs muss de jo aawer op Zack sin bei deenen ruckaartegen Bewegungen do...mee du bass jo en aalen Fuuss waat Concertsfotoen ubelaangt
Dat ass effektiv eng Saach vun Uebung .. mat der Zäit ginn verschidden Saaachen Routine an du leiers een Bléck dofir ze kreien wou gleich eppes geschitt. Och d'Belichtung ass oft ee Computer den Sequencen huet déi Regelmeisseg erem kommen
Merci Ben, nattirlech stéiert mech d'Rauchen och mais bei dem ISO dann awer normal .... Geld verdengen mat Konzertsfotografie ?? Nee, keen Sou an keen Frang
Ohjeee.. Mee deng Biller sinn oft 100x besser waat esou Professionneller fier Zeitschreften fier Konzertsfotoen maachen. An du hues jo absolut Profimaterial an d'Gruppen sin mol net interesséiert dir d'Biller offzekaafen ? Besser Reklamm get et jo net.
Der kommt ja massiv auf einen zu! Klasse in der Farbversion! Ich würde insbesondere an der Hand vorne noch etwas Rauschen entfernen - Und dann als Poster ab an die Wand oder Lifaseule!