Dat hei ass eng Foto, déi ech dese Summer (spontan) vum Meedche vun enger Bekannte geholl hunn.
Vu dass et ee Géigeliicht Portrait ass, wollt ech wesse wat der 1. vun der Foto an 2. vun der BA halt?
Salut,
Also daat Geigenlicht fannen ech ganz gutt, an och d'Joffer op der Photo gefällt mir, mais... menger Meenung noo wier et besser gewiescht Du hätts den Cadrage aanescht gewielt. Fier mech ass nämlech den Sujet zevill an der Mett, wanns Du daats änners, kritt deng Photo (menger Meenung noo) eng aaner Ausstrahlung.
Du hues natierlech Recht. Nemmen war dat Ganzt wéi gesot ganz spontan an dat Klengt war heindsdo méi séier wéi ech kucke konnt. An desem Fall wollt ech suwuel de Ball wéi d'Biiche matt an d'Bild kucken an ausserdem fannen ech et net sou schlemm, well hatt och riicht an d'Kamera kuckt.