d'Aurélie huet sech dee Rack selwer gebitzt...
an am Hannergrond hun ech eng Foto vum
BlackBanther vun enger Plomm. Ech hun een Dropbox Uerdner wou jiddereen dee loscht huet Foto'e gratis zur verfügung ze stellen an ze benotzen drun deelhuele kann. méng sämtlech Texturen déi ech fir méng Overlays benotze sin dran an neierdéngs eben och dem BlackPanther séng Sammlung. Jiddereen deen sech bedeelege well kann sech iwwer PM bei mär mellen.
't Reegele sin einfach:
-hei däerf een alles deelen: fotoen, strukturen, musék, vektorgrafiken, Clips, alles woumat ee kann kreativ sin!
-Nemme ween opt mannst eng Datei drasetzt dierf sech un deenen aneren onendlech vill bedeelegen.
-Den Dossier as komplett fräi, d.h. et get muss een NET kréditéiert gin, mee wann ee well kann een eng .txt drasetzen déi erkläert wéi ee soll kreditéiert gin falls een decidéiert dat fräiwëlleg ze man.
jiddereen deen nach net vill mat strukturen an texturen experimentéiert huet oder jiddereen deen der einfach braucht mee keng loscht méi huet no gratis strukturen um internet ze sichen as invitéiert sech ze bedeelegen