Op der Montée vun de Guiden a Scouten hunn ech eng Foto vum Noa gemaach. Dunn hu mer de Spiiss (oder Fotoapparat) ëmgedréint an hien huet (mat GS*) eng vu mir gemaach.
Merci Maimonides. Wat s de gedicht hues passt esouguer ganz gutt an d'Iddi vum Scoutismus: d'Chef maachen déi Saache mat wou d'Kanner maachen, a wann et dem Alter no ubruecht ass dierfen d'Kanner probéieren wat d'Chef maachen. Vläit hunn ech den Noa jo elo un der Fotografie interesséiert. Ech muss em emol en Ofzuch vun der Foto maachen.
De Scoutismus, gloda,
kennen ech grad esou gutt wéi's du.
Ech hunn,
deemols,
um Neihäisgen
meng definitiv Formatioun gemaach.
Dat ass schonn laang hier,
war awer eng flott Zäit.
A méiglecherweis huet deng Foto
mir instinktiv (!) just dowéinst
esou gutt gefall.
Vum cadrage hier huet de Noa definitiv méi Ahnung
Oder anescht ausgedrëckt : op mëch wierkt dai Bléckwenkel éichter wéi den vun engem Kand (waat elo nët negativ gemengt ass)