ech hun elo mol eng no der aanerer ugeklickt, d'Persoune si mer opgefall an dëser éischter onbeliewter Gaass zu Paräis
do kann een sech schon eng Geschicht ausdenken
hun e bessi un de Michel Deon geduecht, mat sengem Wierk "les gens de la nuit", ass zwar an der Nuecht, mee zu Paräis kann enn souvill gesin a beschreiwen
déi "Gaass" heescht " passage de l'ENFER " well se un de boulevard Raspail stéisst, deen an der Zäit boulevard de l'ENFER geheescht huet. Dat huet näischt mat der " place DENFERT-ROCHEREAU " ze doen, déi guer net wäit ewech ass.
Dee Quartier do war zimlech "malfamé".
merci fir déi Informatioun, ech gesin, och no 2 Joer zu Paräis ze liewen , entgeet engem Villes,
ech muss onbedengt rem eng Kéier zréck
Nostalgie.............
hun do am Hopital ST. Louis geschafft, en aalt Spidol, schued dass et e bessi stresseg war an ech keng Biller méi hun, mee leschteg a frendschaftlech war et schon