Kommentar vum Fotograf:
Bon Dia !
Hei kennt da mol eppes vun den Azoren wou ech grad Vakanz maachen.
As zwar, wéi meeschtens bei mir, alt rem am naassen Element fotographéiert gin, mee et as mol eng Kéier näischt aneres op der Foto wéi nemmen Waasser.
Dëss Foto as entstaan bei engem Bootstrip bei d'Pottwaler, mat deenen mir tauchen / schwammen konnten dank enger Genehmegung vun den portuguiseschen Autoritéiten fir audiovisuel Opnahmen kennen ze maan. Sou soutz ech dann 30 Séimeilen vun der Küste eweg, matten am Atlantik bei sage und schreibe 1500 - 2000 m Fong an hun ee kuerzen Moment net op d'Déieren gekuckt mee einfach erof an den Grand Bleu wou sech d'Sonnenstrahlen regelrecht aus den Abyssen richtung Oberfläsch reflektéiert hun. As phototeschnesch net onbedingt eng Erausfuerderung, mee eppes steet fest, déi doten Foto gëtt a ménger Wunnéng opgehaang ;-)
Hope you like it too :-)