Salut Jeanny
Jo ! Sport Fotografie ass net esou einfach.
1) mat dengem 70-200 méi no erun goen
2) Autofokus op Kontinuéierlech setzen
3) Minimum 5 Fotoen maachen ( Fotoserien )
4) Blend op 4,5
5) Zäit op Minimum 800 - 1200 / bei Sonn 2000 -2500
6) ISO op Automatik
7) de Fokus soll ëmmer um Kapp vum Reider leien
8) Matzéien ass awer nëmmen vun der säit méiglech ( dat ass awer net esou einfach do muss en mat der zéit spillen ( 150 - 250 ) datt hänkt vun der Schnellegkeet vum Päerd of
Villmools merci fir deng Hellef Val, lo muss ech mol kucken wou Biddie Laafen a Sprangen, da ginn ech nach eng keier probeieren.
Hunn dech haut an der Zeitung gesinn, wann ech keier kreien, ginn ech laanscht deng Fotoe kucken.
An den WB (Weissausgleich op 5000-5500 dat d'gesiiter net Kriepsroud ginn ...
AutoISO ... oppassen wannste dann op Schwarz diichst dann get alles Schneiweiss
Matt enger 5D ... eng Serie vun 5 ... do brauch dén 5 minuten ... mecht bal kén Sënn
Blend op 4.5 ass nach vill bei esou engem unroueschen hannergrond ...
Den Spot op den Kapp vum Reider ... dén ass meschtens Schwarz... dann hunn ech leiwer ISO heisch an -1bis 2IL
Voilà dat sinn nach e puer Tippen wannste gesaiss dat eppes schief gangen ass
Jo absolut ... mé dei kleng Hënn sinn onwahrscheinlech flenk an wibbelech... De fait ass dat fir eng scharf foto am Digitalen ze kreien muss én anstellungen esou setzen dat 1:2000 bis 1:4000 an der vitesse sinn (zemools bei der 5D... ganz vill Pixelen an dei weisen all onschaerft)
Vin mir keen Kommentar mee och een Tip, daat Erfahrungswerter sin.
Wann s de Päerd fotographéiert däerfs de Päerd ni an der Kéier huelen, dat heescht wann si sech krëmmen, dat gesäit net elegant aus. (Dat wann Päerd lafen)
Beim Sprangen wierken Päerd besonnesch elegant an kraftvoll kuerz nom Ofsprangen, esou wei ob denger Foto 3.
Déi aner Fotoen bréngen, laut Päerdsexperten, Päerd net an deeër beschter Pose eriwwer....(krut ech gesot, elo kanns du domadder maachen waats du wells )
Ech maachen meng Fotoen mam 70-200 an ech fokuseieren mir dei Plaatz wou sie ofsprangen, also net kontinuierlechen Fokus.
Mee ech mengen awer dat hei den Val eisen Expert ass an dat ech ob jiddferfall seng Rotschléi mol déi nächsten Kéier berücksichtegen an ausprobéieren.