De ganze shooting gefällt mir ganz gudd...model, szene, belichtung alles top...bei desem bild huet mech e bessi d'wärmt vum model (gold refleen) matt der keelt vum hannergrond e bessi intriguéiert...wees awer net op am gudden oder am schlechten...(uffangs hun ech et komesch fond, duerno awer intressanten kontrast)
Jo, ech duecht mer, wann ech schon hei festsetzen ouni eng Méiglechkeet un méngen Essayen ze schaffen an rondrëm mech gesäit et iwwerall esou aus... allez hopp
Excellent! Ech hunn verschidden vun deenen aneren Fotoen zwar besser fonnt an der Hisiicht dass dës esou spektakulär ass, dass se schon bal wéi een Collage eriwwer kennt (net béiss sinn). Wann ech dech net gierf kennen dann gierf ech dat och elo behaapten... Mais bon soit... se irritéiert meng Sënner an ech kommen net lass vun dësem Gefill. Ech muss se villäicht nach e puer mol kucken.
Den Androck kennt vun der Bearbeschtung. Do war ech um Holzwee! Den Gloda huet d'Original op sein Blog beigesaat. Dat gefällt mir zwar e bessi besser well et nët den Androck hannerléisst. Top Aarbescht an och e Fav!!!
ech hun och net drun gezweiwelt dat et e Collage soll sin
mé grad dofir , duerch déi dreidimensionalitéit dat erausstiechen
as et fir mech esou aussergewéinlech a flott )