flott daat doten !
E bessen stecht et mer an t'aan dats de net genau an der mett stungs, mais de recht as een super pano !
fier en pseudo HDR as daat nawel graat esou flott !
Ech stoung vläicht genau an der Mëtt (oder bal respektiv bal net ... ), mais ech hu rechts eng Bänk manner drop an och dofir ass dat Ganzt dezentréiert. Mais souwisou: Do ass keng Mëtt an der Kapell, ob alle Fall hun ech se nach ni fonnt. Irgendwéi ass do alles schief a kromm.
mais ech hun et um altor an un den seitenwànn hannert dem altor gesin, well do t'perspektiv ganz anescht as lenks wei riets !
Mais ech wees, ech sin en symetriefreak ... den Ed wert schon erem de kapp reselen !
Ech sin normalerweis och fir d'Symmetrie. Hei war ech einfach e besse gestresst, an hu séier, séier drop lass geknipst. Ech hat souguer de VR um Objektiv net un, dat hun ech hannenoréischt gemierkt. Wéi ee gesäit geet et och ouni bei 16mm...
Mat 50 Zent kritt en d'Kapell hell, gell! Ech hat mol eng Kéier mam 8mm Fisheye probéert een 360° Pano ze maachen, awer dee kréien ech net zesummen. Dorunner gesäit een dann, datt se awer zimmléch kleng bliwwen ass...
Eng immens Kiirch, däi Pano an déng Serie fannen ech richtég gutt.
Ech war virun e puer Joer och emol do an hun eng serie Biller gemacht, déi ech awer haut anescht géif ugoen. Ranschelt
Merci Nico, ech hu se gëscht owend jhust viru méngem Kommentar bei dénger Foto op flickr eropgelueden, fir se hei ze weisen [ dat ass kontradiktorësch, ech weess ], déi éischt Deeg si se nees fort bei flickr.
d'Fotoen op e puer Fore parallel ze weisen : natirlech nët kontradiktorësch; ech hu jhust selwer bosség fonnt, d'Fotoen op flickr erop ze lueden, fir se dann hei ze weisen