den Portrait as den HUMMER! dSchärft gesait aus wei mam Pinsel dropgemoolt, wierklech erstaunlech!
bei där mam Schied gefaalen mer dFaarwen, gudd gepusht mee nik zefill, huet eppes!
FLOTT Serie!
hehe déi véiert ass och ee vu menge favoriten. Allkéiers wan ech lanscht déi Kiirch gin schéngt d'Sonn vun där aanerer Säit eran an doduerch liichten di Fensteren sou tescht den däischteren Maueren... Merci fir dai Kommentar!
ech kucken se grad nach eng keier doheem um kalibreierten monitor an ech muss soen daat as nach eng keier eng ganz aaner saach....mega faarwen. Ech well onbedengt och eng mettelformat. Sin grad amgaangen ze kucken bei ebay. am meeschten gett et mamiya 645 (z.b. pro tl ca. 700$mat 2 objektiver). mee och hb sin net sou deier (c/m oder heiansdo gett et och eng 503 cw fier ongefeier 800 $). Am butteck hun ech grad eng bronica fier 550 $ gesin- schengt och net sou schlecht ze sin...
sin och gespant se doheem ze gesin well hun se um laptop misse verschaffen...
Mamiya wuar mär perséinlech ze schwéier, emständlech a lues. Also éichter geduecht fir Studio.
D'Hasselblad 500 C/M (hei fenns de immens vill Infos) gif ech der rooden, si ass liicht, zouverléisseg an gudd qualitéit. Op der Säit fens de och wis de se kans datéieren, dats de net eng keefs di 40 Joer aal ass... 503CW wär natierlech nach besser... Du brauchs just e separate Belichtungméisser bei deenen, oder en Prismesucher wu en integréiert ass, mee dobäi geet den flotten ''waist-level-finder'' flair dann verluer :/ An bei Hasselblad hues de de 6x6 ratio, wat 1 vun de grënn ass firwat ech gär domat fotoen maachen.
Hun e koleeg den huet eng Bronica, schéngt och eng fäin Maschinn, mee bei deenen kennen ech mech net aus.
Wats de der nach kéins ukucken ass Rollei (z.B 6006), di hun Belichtungsméisser Intégréiert an demnowéi suguer Autofokus. Mai Papp haat soueng a wuar ganz zefridden domat.
Wans de nie welles hues en digitale Réck nozekaafen fir drop dan kint och eng Rolleiflex/Rolleicord intressant sin fir dech. Di sin liicht, onopfälleg, an super qualitéit.
Oder eng Seagull oder Yashica, mee dat ass dann awer schon eng aaner qualitéit...
Wans de iergent eng Fro hues probéieren gär ze hellefen... oder wans de mol wels eng testen oder sou
wow! villmools merci fier deng mei. Ech geing gaeren eng keier testen mee mat der distanz as daat net sou einfach. Am abrell an am mee kommen ech op lux. dann kann een daat vlaicht eng keier nohuelen. Ech gin elo mool eng keier deng lescht duerch an kucken mech do em. Nach eng keier merci. wann ech nach eng fro hun schecken ech der eng pm.
Dirk
maan ech. ech hun mer grad eng rollei 6006 ugekuckt. gesait aus wei eng kamera fier mech. ech maan mer e puer gedanken weinst der batterie mee ech hun schon ersatzbatterien gesin...uuuh daat as spannend
cool! an do brauchs de och kee Belichtungsmiesser an daat en immense firdeel a mengen aan, mengen och fir deng art-a-weis Fotoen ze maachen. vill gléck dann mat der auktioun wans de se op ebay font hues
Ech sin rem e bessen un d'iwwerleen kom. hun mech informeiert anden problem mat der rollei as den akku vun enn den 80er an et wees een net sou genee wei laang dei denger haalen etc. and et gett se just vun rollei. Ech kucken lo grad rem mei op d'bronica ETRSi well dei mei hasselblad-style (also mei simpel ) as. Se huet awer och en liicht miesser am prismen-sucher dran an en motor. Wann alles drun as weit se awer e bessen. Wees du waat den FE203 weit?
btw: sorry dass ech deng kommentarsektioun als forum mesbrauchen...
hues de awer och e normale sucher dobäi?
fannen dat gett awer och bessen de Reiz fir op déi Art-a-weis ze fotograféieren. D'erschéisst een de Model neméi, d'verneigt een sech firun em, su soot mai Proff
Probéier awer firdrun, fannen dat dann awer en 45° wénkelsucher mei angenem ze handhaben ass wi en 90°. D'Appraten si menger meenung no mei drop ausgelucht dats de se mei déif häls, ergonomesch gekuckt. Di nei Hasselblad H oder Mamiya 645 AF sin éichter mei Spighelreflexméisseg.
An mam Sucher (an motor) weit se schon e gudd stéck, fir se dann an där héight ze haalen ass mei ustrengend. 45° wär flait e bessere mëttelmoos. Am bäschte fens de et fir dech raus andems de firdrun emol test. Mär perséinlech huet e Prismesucher net suvill gesot.
1750g sot meng Kichewo mer grad, mat sonneblend an ouni Film.
nee et as keen derbai. an den prismensucher as 90 grad. Ech hun gekuckt an en waist level finder kritt een fier ongefeier 100 $. deen huet awer keen metering. Testen maachen ech ob allefall. ech haat se schon am grap an se kennt mer fier wei eng 500er hasselblad vum stil hier.
Ech mengen intuitiv geing ech leiwer d'rollei huelen mee daat mat der batterie mecht mer suergen. ech well net an engem oder zwee joer keng batterie mei hun well dann as d'kamera net immens netzlech...
Jo di Bronica wu ech am grapp hat wuar och ähnlech wi d'Hasselblad.
Wuar haut zu Remeleng bei deem Fotograf wu ech emmer gin, hien huet eng Rollei 6008 do stoen mat 3 objectiver, balgengerät, 2 Sucher etc... bessen deier, mee wourop ech erauswollt, hien soot d'wär wirklech guer kee problem do nach akkuen ze kréien. D'stung och een do. Kans jo flait mol an engem Forum nofroen vu Leit sin di se benotzen.
Deelweis mam Scannerprogramm, deelweis mam Photoshop (Color Balance), an en deel kennt och secherlech doduerch dat et negativen sin. Wat d'Fuarw ugeet fummelen ech awer nach e bessen well de scanner mecht mer et wirklech net liicht dat Resultat ze kréien wat ech well... Merci
ech sin wierklech begeschtert fannen se allenguerten mega fun den Farwen hier !
ausser dei mat da Kirch wou mir am mansten gudd gefällt !
Dei 1st strahlt einfach sou eng Hoffnung au mat dem gielen Schimmer do durch d'Fenster dei 2t ass sou berouegend dei 3t ass sou eng typech ech wes net einfach schweier ze beschreiwen jo dei 4t wees ech net esou ass mir een bessen zevill an dei fum Max jo fannen ech och ganz flott !
Merci si frou dat ech sait langem mol rem fuarwnegativen maachen! D'Fuarw huet mer einfach gefehlt bei menge läschte Biller, mengen dat mirkt een bei desen