Extras: Canon 580EX II als Master (merci Shantideva)
Canon 580EX mat Prabelli fir Luucht vun fir ze gin
Je een Canon 430EX lénks an riets hannert dem Shantideva op Buedemhéicht.
Fir anzesetzen: [pg_img=33237]
Kommentar vum Fotograf:
Wann een mam Shantideva um Tuer as kann dat schon emol explosiv gin :) Eng méi grouss Versioun vun dëser Foto, den Rescht vun eisem Shooting an dem Making-of Video fannt der op méngem Site, hei: http://gloda.net/20090128-terresrouges
huch?nee war eescht gemengt!weisde dKamera hälls gesait aus wei op Schinnen!weinech Gewackels...fannen dass daat gudd ausgesait!as ma opgefall sou....
wansdet net express mess...em sou besser!:p
hun ma en na enka ugekukt an fannen na emmer dass een den Ennerscheed zwescht do wous DU den Apparat am Grapp hoss an do wou hat filmt gesait!
mee...hmm...sen am VIDEOkommenteiren na net sou geübt! :p
Yes! Stark! Ech war den Film kucken. Immens, Gloda an Shantideva in action!
D'Foto ass och stark. Wann een e professionellen Model huet dann klappt daat och. ))
D'Foto ass ganz gudd gin. Awer ech sichen do nach e puer erklärungen dozou: huet hien en Ausléiser vun enger Bomm am Grapp (mëllest Foto), oder huet en eng Rakéit op den Réck geschnallt kritt? Ech mengen meng Phantasie geet mat mir duerch! Op allefall e flotten Collage, an en sympatheschen Video.
Yeah, de Shanti, eist Multitalent mecht sech och well als Model gudd! Mam Stës gefällt mir immens gudd an d'Zesummesetzung vun de Biller och! Tiptop, keins mol een Workshop mächen wei een Bletzer nëtzlech asetzt