Flott daste dei Biller hei weis, do kann een sech e Bild machen vun dengem Workshop wou Messlaat lung Doen mesh hei schweier vir ze soen weieng mir am Beschten gief gefaalen..
Ech hunn eng Zäitchen iwwerluecht ob ech och eng Serie sollt posten wëll ët geet jo grad nët doremms eng Messlaat ze leen; ech wollt awer weisen wat Méiglech ass. Ech machen baal 100 Concertën d'Joer dann wier ët jo schlëmm wann do d'Resultat nët géif stëmmen.
Concertën ze knippsen ass nët einfach .. och nët mat Top Matérial .. ët kennt immens vill ob den Moment un, d'Wierkung vun den Luuchten verstoen an mat denen Spillen an dann nach d'Bearbeschtung, virun allem Wéissofgléich, Entrauschen, PS-Bearbechtung usw.
Stark Biller, top schärft, immens flott Spillereien mat den Scheinwerferstrahlen déi duerch d'Musiker gin. De Gitarist op der 1., deen ass dach bestëmmt Famill mam Zora ?
Super serie, bei der éichter ass et flott wéi den Schéinwerfer vun hannen op den Deel ennert dem Gittarist sein Mond schéngt. Do géing een baal mengen en hätt geschmolzent Metall op déer Plaatz
Merci Yves, jo genau déi Positioun hat ech gesicht fir dass dat sou duerchstrahlt ... d'Spilleréi mat den Spotten ass nierft der Technik an der BEA dat ob wat ët bei der Concertsfotographie unkënnt
Jo, dat ass eppes wat een mat der Zäit entwéckelt an dann léieres de och den Spoten nozekucken wéi se sech bewegen an dann kanns de Unfänken verschidden Luuchsituatiounen ze anticipéieren wëll dat sinn jo coh LiichtComputeren déi déi Saaach stéieren an do kommen ganz oft Situatiounen no enger Zäitchen ërem.
Ët ass ganz kloer dass een dat nët ob engem éischten Concert beherscht mais dofir woar den Workshop jo do fir een eischtgen Androck ze kréien