BALLS TO THE WALL !
Deng Concertsfotoen sin einfach top.
As daat alles out of the box oder as do nach vill gePS't ?
gesait op jiddefall top aus an dobai nach reel !
Opp mech wierken seng Biller emmer wéi wann ech Bluray opp engem Full HD LED an allerhéchster Oppléisung kucken.
Déi Schärft vun den Biller ass emmer impressionnant. Ass daat deen Profi Topapparat deen daat mescht oder kann eng "normal" bezuehlbar DSLR ënner 1000 EUR daat och?
Also den Gretz Schärft deen den Ennerscheet mecht as secher um Material ... soss geiff et keen Sënn machen souvill Geld an e Body ze investeieren. Mais firun allem as t'Objektiv ememr daat waat t'Bild ausmecht. Sou gesin ech et ob jiddefall mol zanter dem Wiessel vun D90 mat Sigma bellegobjektiv (300-600€) op eng D700 mat FX Objektiver (1500€).
Hehe dei Combi vun 1Dx an 70-200 is 2.8 usm II Ass Goldwert vir esou sachen, Biller hei sin Qualitativ baal um Hechsten niveau deen meigleg ass bei Canon.. Vun Sigma gief esh Patten weglossen, dat kennt net geint Nikon oder Canon un, Sachen hun net vir naicht hieren Prais.
tjo Praislech och leider den TOP !
Mais effektiv versteht een (leider) ereicht duerno fierwaat se engem emmer soen "kaaf direkt epes nastänneges" ... mais bon ... et as jo och flott ememr erem bei der Vitrine ze sabberen an ze heuchelen "Eines Tages wirst du mir gehören!"
Wees de, all Hobby kascht Geld .. wat méi grenzwerteg, wat méi déier ... dofir wees de awer herno wat's de hues. ass eben sou, dofir kann ech mer eben anner Saachen nët erlaaben
Ech denken daat ass absolut richteg, wann eengem sein Hobby daat wert ass dann why not... Et ass aawer och e bessi eng Fro vum "Asaatzgebidd". Wanns de z.b. virun allem wells Foto'en an der Vakanz maachen an net graad Vakanzen mess wou's de mat dengem eegenen Auto ennerwée bass muss de Oofstrécher maachen, elleng schon waat Gewicht an Quantitéit vum Material ubelaangt. Als Beispill woor ech virun 4 Méint am Botswana, do wiir et super gewiiecht eng 1Dx ze hun, mat extender 2x plus 400 mm Objektiv, dei Kombinatioun ass de Glanz mee wann ech dann kucken waat vun Gewiicht erlaabt woor vir matzehuelen dann wiir et domadder schon eng gin... konsequenz kombinatioun 7d mat 100-400 vir d'Safari-Foto'en vun den déieren an 5d mkII vir d'Landschaften. Natiirlech ass den 7d mat deem mettelméissech gudden 100-400 nie daat nemlecht an der Qualitéit mee wéi gesoot do muss een dann léider munchmool Kompromesser maachen. Hei heem ass een jo an deenen Saachen méi flexibel. Dann gin et natiirlech och nach Meiglechkeeten déi sougenannten Foto-Safari'en ze maachen, do ass een dann mam Equipement och méi flexibel an et get een och net esou blöd vun deenen aaneren Touristen gekuckt well daat sin jo och lauter Léit déi sou Saachen maachen déi dann ähnlecht Equipement hun....allerdengs kaschten déi Foto-Safarien sou déier dass d' 1Dx dann oft nach preiswert am Verglach ass an mir normal stiewlech Léit eis sou Saachen meechtens net kennen léschten
Daat stemmt waat de Canon / Sigma verglach ubelaangt mée... an elo kennt et : Wanns de z.b. wells en "Ultraweitwenkel hun" dann bidd Sigma dir en 12-24 vir den FF, bei Canon fänkt daar réicht bei 16 mm un et siew du gréifs op den Fisheye zeréck. E puer Millimeter Ennerschéed mecht vill aus vir Léit déi Architekturfoto'en oder ähnleches welle maachen...
Et huet schon mam Material ze dinn fir déi Quali bei heigen ISOën ze errechen, dohir och een Deel vun der Schärft .. fir d'BEA kuck wat ech dem Gaga geschriwwen hun
Merci gesoot, ee bëssen verschaft sinn se schon, awer net allzevill soss keint ech se jo nie den Dag drop online hun .. WB, Cadrage wann neideg, Kontrast am LR .. PS, Nik Dfine, ee batch vir ze schärfen (HP), an dat woar ët. Heinsdo amuséieren ech mech ee bëssen méi, mais net bei denen héi
Eng Besser ewei dei Anner ! 1,2 an 4 sen meng Favoriten ! De Fullframe hei produzeiert e mega flotten Bokeh hei, Hannergrenn sin Top, ganz ze Schweigen vun den Persounen, flott ausgelicht an schein Scharf ! Weider esou ! Lol geschwenn well esh och deen 70-200, dee weist jo sein vollt Potenzial um 1Dx !
Super serie, mée daat sin mer vun dir gewinnt Ech fannen kloer déi 2 an déi 4 am béschten. D'Héischformat mat Persounen déi "ugeschnidden" sin gefällt mir emmer gudd béi esou Concertsfoto'en.
Merci Scyv76, jo, dat mam "ugeschnidden" béi esou Concertsfotoen ass ëmmer sou eng Saach, muss een virun allem obpassen wou een unschneid, virun allem Guitaren/Bass ginn nët gaer ungeseet an wann dann just ob ee puer Punkten wou ët menger Mehnung no geet.
Heinso ass ët schwéier wëll besonneg am Metal se nawell zimmlech schnell hin an hier rennen
Jo kann ech mer virstellen en plus ass Guitar jo schons vill méi breed wéi deen wou se am Grapp huet an dann ass bei deenen schnellen Bewegungen séier geschitt dass de do en Stéck oofschneids... Bei der 2ter Foto ass jo och en Stéck hannen bei der Guitat oofgeschnidden, fannen daat aawer net schlemm, schued wiir et gewiiecht wann ech Stéck vum viichten Déel oofgeschnidden gin wiir.