marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
|
|
Salut!
Viru bal 10 Joer hat ech mer eng Nikon D40 kaaft (6,1 Mpx, deemols na WOW) an 2 Objektiver matt integréiertem Autofokus-Motor: AF-S Nikkor 18-55mm 3.5-5.6 & AF-S Nikkor 55-200mm 4-5.6 plus nach en Objektiv ouni Motor Nikkor 50mm 1.8. Dat läscht ass mettlerweil mäi Lieblingsobjektiv och wann den Autofokus logescherweis net geet (wat bei oppener Blend vläicht souwisou schwiereg ass? och op déi Fro dierf gären geäntwert ginn
). Bon, meng éischt Fro ass elo folgend:
Wéieng Kamera misst ech lo kaafen fir datt meng Objektiver nach drop passen? Mecht den integréierten AF-Motor do eventuell Problemer? Eng nei Kamera well ech virun allem well meng aal just Fotoen matt ENNER 300 dpi mecht (ech brauch awer eigentlech min. 300 dpi), praktesch wier och wann se méi Fotoen pro Sekonn kéint maachen. Et muss net dat bäscht (an deierst) sinn wat ze kréien ass, éischter eng gutt Basis-Standard-Kamera. Ech ginn léiwer bëssi méi fir gutt Objektiver aus.
Zweet Fro: Mäin 50mm Nikkor-Objektiv ass super, mee optimal wier e Zoom-Objektiv wat trotzdem d'Blend grouss opmaache kann (fir Portrait-Fotoen). Wéieent kéim do a Fro?
Ech hu scho bessi gegoogelt mee ech gin net gutt matt de Fachbegrëffer eenz a wier frou wann deen een oder aner sech kéint bessi Zäit huelen a mer puer Tipps ginn
Merci!
Marie
|
|
10.09.2015 12:16 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
Also fir op den Deel anzegoen mat den 300dpi: Deng Kamera mécht guer keng Fotoen an iergendwelchen dpi
Déi späichert just Pixelen, an dpi (dots per inch) ass just ee Faktor dee geholl gëtt wou musse Pixelen an normal Moossen ëmgewandelt ginn, d.h. zum Beispill beim Print. Wann deng Foto 3000 Pixel huet an du prints mat 300dpi dann kënnt eng Foto raus déi 10 inch grouss ass (3000px / 300dpi). A wanns de se mat 200 dpi prints kënnt eng Foto eraus déi 3000px / 200dpi = 15 inch grouss ass.
Awer dat huet näischt mat der Foto ze dinn déi op denger Späicherkaart vum Fotoapparat drop gesat gëtt.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.09.2015 15:35 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
@ Johny
Dass d'Kamera selwer keng dpi mécht weess ech, ech hat allerdings gemengt dass d'Opléisung indirekt eppes matt den dpi ze dinn hätt
Also dass eng héich Opléisung e Print matt villen dpi méiglech mécht an eng kleng Opléisung eben just matt manner dpi. Wéi ech dorob komm sinn: Wann ech eng Foto matt menger D40 maachen an am Photoshop d'Bildgréisst gekuckt hunn stoung do emmer iergendeppes matt 250 dpi. Oder: Ech wollt eng Kéier bei engem Fotoconcours mattmaachen. D'Bedingungen waren Fotoen matt op mannst 300 dpi... Ech hat suguer eng Kéier beim wort nogefrot wéieng Opléisung d'Fotoe missten hunn fir gedréckt ze ginn. Vun Opléisung gouf an der Äntwert näischt gesoot, just datt se missten 300 dpi hunn.
Souvill zu den dpi
|
|
10.09.2015 18:30 |
|
|
Johny
Foren Gott
Dabei seit: 19.09.2005
Beiträge: 2.976
|
|
dpi ofgespaichert bei der Foto soen och naischt wierklech aus, an dass d'Wort verlaangt dass eng Foto mat 300dpi gespaichert ass weist just dass se keng Ahnung vun der digitaler Welt hunn
Den ofgespäicherten dpi wärt stellt u sech just en "default" duer dee geholl gëtt wann ee soss keen Unhaltspunkt huet, méi net.
__________________ 404 - Not found
|
|
10.09.2015 21:43 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Ok Merci, gutt ze wëssen :-)
|
|
11.09.2015 22:25 |
|
|
jps unregistriert
|
|
Bei Nikon kanns de déi mescht al Objektiver och nach op denen neien Kamera'en benotzen, wann och mat Aschränkungen wat z.B. Autofokus oder Belichtungsautomatik uget.
An derGebrauchsanweisung vun all Kamera ass eng Opstellung watfireng Objektiver dass de kanns benotzen, a mat watfirengen Aschränkungen .
Wat elo en liichtstarken Zoom uget, do get et den 24-70mm f2.8 fir Vollformat, wanns de den mat enger DX Kamera benotz dann hues de 36-105mm wat am klengen Tele-Bereich ideal fir Portrait ass.
Ech hoffen der domat e bessen weidergehollef ze hun.
BG, Jean-Paul
|
|
12.09.2015 12:08 |
|
|
schiefer unregistriert
|
|
Bei der 7000 serie ass en motor am boitier agebaut, du kanns also dein 50mm mat autofocus benotzen. Bei den 3000 an der 5000 serie ass et wei bei denger D40 do hoss du keen autofocus, Objektiver passen afer op all serie ouni problem dropp.
|
|
12.09.2015 15:12 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Villmols Merci @jps an @schiefer ! Dir hutt mer scho vill gehollef
|
|
12.09.2015 20:30 |
|
|
marischen
Doppel-As
Dabei seit: 23.04.2007
Beiträge: 100
Themenstarter
|
|
Fir dëst Thema anstänneg ofzeschléissen
: Ech hu mer eng Nikon D7100 kaaft a si bis lo absolut zefridden, virun allem well ech mäin 50mm lo a vollem Emfang notze kann. Merci nach eng Kéier fir är Hëllef!
Marie
|
|
17.09.2015 15:14 |
|
|
|