Thema: Deiren Massaker |
|
daat mat der Juegt fannen ech ass och su eng saach fir sech...
wann et drems geet datt den Fierschter en krankt Deier muss scheißen goen oder well t einfach zevill dovun gett, dann fannen ech et an der Reih. Wann et zevill där Deiren gett (Reih, Hirschen, Fiis, Wëllschwein asw) dann ass daat meeschtens weinst dem Mensch selwer! An desem Fall ass et well hei d'Wöllef an d'Bieren wei geckeg emgeluegt gin sin!
Daat mat den Haifesch an den Walen ass genau sou grausam!!
den Haifesch hier Flossen oofzeschneiden an se dann rem lieweg zreck an d'Mier ze geiheien ass einfach net tolereierbar! haifesch -mussen- schwammen fir kennen ze ootmen! An ouni Flossen kommen se nun mol net firun! Daat heescht am Kloertext, dass sie do am Waaßer qualvoll un Bluttverloscht stierwen an wann net doduerch, erstecken se!
Daat eigentlech Krankt dobai ass dann och nach, dass dii Haiflossen no baal -guer- naicht schmaachen! Haiflossen gin just geholl fir der Zopp an dei se gemach gin eng bessen mei fest Konsistenz ze gin! (wei wann et net su eppes wei Gelatine oder waat wees ech geif gin fir daat op aanerem wee hinzekreien!!??)
Bei den Walen ass et nach en Steck mei brutal: Sie gin oft vun 2-3 Booter gleichzeiteg harpuneiert! mee net, wei dei meescht Leit flait denken, mat "normalen" groußen Eisenspetzen...nee nee...Se hun do eng ganz perfide an krank Methode: Fier op den Haprunen setzen nach Sprengsätz!! beim eischten Kontakt gett een zimmlech groußt Lach an d'Fettschicht vum Wal gerass, fir dass die eigentlech Harpun och bis deif an d'Fleesch an vital Organer kann fierdrengen!!
Wann dann su een riesegen Wal op d'Boot gezunn gett an hien wiert sech nach, dann reißt en sech oft nach mei grous Stecker raus...an dann scheißen se nach en puer mei Harpunen lass...
Wann en dann schlussendlech um Boot ass, liewt en meeschtens nach!
Dann gett en do bei lebendigem Leibe auserneen geholl...
Wei wann dier op enger bretsch geift leien, sou midd, dass der ierch nemmi keint bewegen...an dann fänken se un ierch bei liewegem Leif auszeweiden!!
d'Selwecht wei Delfinen (dei och gejuegt gin an am Hafen mat Trakteren an Trucks (oft nach lieweg) iwwert den Buedem geschleeft gin bis an dei Haalen wou se dann auserneen geholl gin (heiandsdo iwwert 300 m)) sin Walen Säugetiere, daat heescht sie ootmen genau sou wei mir Loft! Daat well heeschen, dass sie do net "schnell" erstecken an dann stierwen...mee dei verbludden do...
|
|
Thema: Deiren Massaker |
|
genau...an deenen meeschten Schluechthaiser gin d'Keih zum Beispill mat engem Elektro-schocker oder enger spezieller Bolzen-pistoul embruecht...schnell an schmerzlos...hun op Youtube och een video fonnt wou an Amerika d'Kei um Hals opgeschnidden gin an su enger komescher Maschinn...an dann gin se op den Bueden geheit. Do verbludden se dann lues an qualvoll :S
ech froen mech wei Menschen sou grausam kennen sin mat Deiren...
ech verstinn et einfach net...
|
|
Thema: Deiren Massaker |
|
kanns du daat einfach sou akzepteiren???
datt do d'deiren en masse lieweg gehäutet gin???
do kann mer een kommen mat japanescher Traditioun oder sou...schwachsinn!!!
daat do ass dach net normal...eierlech!
do muss dach eng falsch sin am kapp vun deenen leit!
ech keint et jo verstoen wann et fir hiert eegen iwwerliewen wier...su wei d'Inuit an Grönland oder Alaska...dei häuten Robben an Wöllef fir hier eegen bedürfnisser...mee sie maachen et net en masse an verdengen keen Geld dorop!
|
|
Thema: Deiren Massaker |
|
Ech hun lo grad op Youtube ronderemgesurft an sin dobai op eppes gestouss wou et mir wierklech heich komm ass...
dei di mech kennen wessen, dass ech zimmlech vill aushaalen an saachen ruppegkeet asw...mee do sin mer wierklech treinen komm vun roserei zumols...mee et ass mer och wierklech schlecht gin!
ech soen ierch direkt...ween desen film well kucken...den sierf firbereed! et sin keng schein biller...
Trotzdem mengen ech, dass jidfereen deen video gesin sollt hun...
Je mei leit en gesin hun an mei leit dofier sensibliseiert gin sin, desto mei leit kennen sech mei fir Gesetzer geint sou Gräueltaten ansetzen! et kann een zesummen mei drock maachen op dei respektiv politesch Bewegungen fir mei scharf Gesetzer asw ze proposeiren...
Wann et mei scharf an streng Gesetzer gett, ginoch mei Kontrollen gemaach an domatter gett et och fir dei leit mei schweier soueppes kennen ze maachen! ech fannen et wierklech eng Sauerei, dass sou saachen nach meiglech sin!
Gudd, wann et sech em en eenzelfall handelt, dann ass et nach vertrietbar (an dann nach!! ) mee an sou groussen Massen!!?? Muss daat wierklech sin??
An ech schwetzen lo net nemmen vun deenen Saachen dei lo an deem Filmchen wärten kommen...mee och vum Walfang an Nordeuropa an Asien! Mee och d'Masseniwwerziichtung an deenen sougenannten entweckelten Länner ( Europ, Amerika) ass net vertrietbar!!
sou genuch geschwaat...lo kennt der den Video kucken (et muss een iwwer 18 sin an daat och konfirmeiren...gleewt mer...et ass net emsoss!)
an nach eng keier een appell: helleft den Deiren!! et as net nemmen an hierem Interet, mee och an eisem!
http://www.youtube.com/watch?v=GxBAMmQKxzA
mfG Jérôme
|
|
Thema: Kino |
|
een Film deen jidfereen onbedengt muss gesin hun ass deen neien "Die Welle"
wierklech en -genielen- film
deen weist engem dass en autoritärt regime vill mei akut ass wei een eigentleh keint mengen...an dass mer guer net sou "onbeanflossbar" sin wei mer eigentlech emmer denken!
war schon een deen kucken??
|
|
Thema: Luxembourg FREEZE |
|
den film hällt wierklech zimmlech abrupt op...
http://www.youtube.com/watch?v=KwHNLlR9R3M&feature=related
daat do wär och net schlecht gewiecht
mee bei sou saachen misst een et iergendwei hinkreien, fir d'reactiounen vun deenen "onwessenden" anzefänken...well daat ass emmer daat witzegsten...d'aktioun selwer ass schon cool...mee ech gief alles maachen fir nach eng keier deen ratslosen an verlueren ausdrock vun engem bopi deen su laanscht mech gaangen ass, gesin! daat ass einfach herrlech!! dann sin se wierklech völleg perplex an wessen nemmi waat se man sollen
-dei- misst een filmen oder knippsen
|
|
Thema: Luxembourg FREEZE |
|
@ JADE...
ech well jo hoffen!! hätt direkt nach en puer mol weider gema...op aaneren plaatzen! place d'armes oder am kino oder sou...wär meeega cool gin...et misst een soueppes nach eng keier um chreschtmaart oder sou organiseiren!
|
|
Thema: Luxembourg FREEZE |
|
einfach hammergeil!! all dei dii net do waren...dir hudd eng beis verpasst!! (sorry Marc, dass ej der lo su eng laang zong man...)
also em 2 auer waren mir (Rolacro an ech) do bei daat Post-gebei...an jo...ab 2 auer sin se dann lue an lues all angetrudelt...et sin der emmer mei gin...also ech wees lo keng ganz genau zuelen...mee ech geing su em die 50-70 leit schätzen...an do kruuten mer em halwer 3 en puer läscht instruktiounen gesot.
dono sin mer dann all keier an gruppen zu 15-20 leit richtung gare gaangen...an hun eis ronderem d'garer-entrée verdeelt...fir das een an 2 min kann nach seier an d'haal kommen ouni, dass et zevill opfällt. an dann em punkt 15:10 (well dann 4 zich unkommen...eischtens well et dann net direkt opfällt, dass suvill leit an der gare sin...an 2. well dann mei leit et gesin
) ass dei gnz haal baal voll mat leit...an dann rifft een ganz haart "GEORGES!!!" (daat war d'zeechen fir ze freezen) an dei ganz haal freezt. dn romain an ech haatn is eng kleng pose iwwerluecht
an do as et lassgaangen...ech perseinlech hun mech immens missen rappen fir net ze laachen...well wou firun 2 sekonnen nach decken trubel war an decken kameidi, war et lo wierklech -ganz- roueg...su roueg wei et em halwer 4 an der nuet ass! hammer...an dann all dei domm gesiichter vun deenen leit dei su ratlos do ronderem gerannt sin...ech hun se ronderem mech heiren tuschelen "soo claire...sin ech geckeg gin oder bewegen dei sech nemmi?" oder sou een jonken typ deen sech un dn kapp geraff huet an geruff huet "Vous etes tous malades!!" an dann em punkt 15:15 rifft een aaneren "ECH SIN HEI!!!" (dat war d'zeechen fir ze -entfreezen- ) an dei ganz masse fänkt rem un sech ze bewegen. an no 2 sekonnen fänkt dann jidfereen un ze jubelen an ze klappen...ech soen ierch...daat war souuuu geil!
|
|
Thema: Chat and Fun |
|
also wann iergendeen daat mescht mat deenen "free hugs"...ech sin direkt dobai!
fannen daat eng mega cool iddi
|
|
Thema: iPod -> Wéieen hues du? |
|
lool
rischdisch
jidfereen huet seng unsprech un dn iPod...deen een brauch nemmen 256 MB, deen aaneren gett sch mat 8 GB zefridden...aanerer krein suguer mat 160GB net genuch
ech fir mein deel brach wierklech net mei wei maximal 8 GB...well ech lauschtren -allerhechstens- (an dann ass et nach heich gerechent) 50 lidder am dag...et ass just een gudd gefill, ze wessen dass een d'meiglechkeet huet tescht 1500 lidder ze wielen! mee ech hun mein iTouch sou angedeelt, dass ech 4 GB fir d'lidder haalen (wei beim mini firdrun) an dei restlech 4 GB gin dann fir Biller, Filmer an Podcasts drop...
|
|
Thema: Temperament |
|
Von den einzelnen Temperamenten hast du jeweils soviel Prozent:
16 % sanguinisch
93 % melancholisch
24 % cholerisch
81 % phlegmatisch
passt zua net ganz 100% ass awer greisstendeels richteg
|
|
Thema: iPod -> Wéieen hues du? |
|
deen aalen mini ass na emmer deen beschten
nee komm...also @Mano:
ech hun mer lod een iPod Touch kaaft...du kanns genau su gudd dn Johny froen...ech mengen mir sin eis eenz...daat dengen ass einfach deen geilsten iPod ever
sou typesch apple-meißeg einfach opgebaut...absolut coolen layout, an einfach nemmen geil! mei kann ech net dozou soen...en as seng 280 euro (fir 8GB, 380 fir 16GB) wert!!
|
|
|