Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Saachen déi een net zu engem Fotograf seet (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1279)


Geschrieben von Knipser am 04.12.2009 um 21:36:

 

Ech war emol, dat muss esou em déi 1972 gewiecht sen mat enger Frendin durch d' Petrusdall getreppelt, ech hat meng Canon FTB mat engem200mm Canon oder Vivitar 70-200 Objectiv dobei. Nodem ech eng Foto gemeht hat sot hat durf ech eng kéier dodurch kucken ? Nodem hat dann derdurch gekuckt hat krut ech de Photoapparat erem mam Kommentar : immens, do geseit een jo alles méi noh an soguer farweg ! an hat war net blond.



Geschrieben von Kwitchibo am 05.12.2009 um 02:14:

 

muhahahaha



Geschrieben von BlueRic am 05.12.2009 um 22:55:

 

- Wéivill Fotoen gin dann op deng Speicherkaart?



Geschrieben von suraki am 07.12.2009 um 23:10:

 

@.............


edit:

et war net fir ze steppelen, esou eppes sét é nët.
well awer Léit ustouss dru fannen ... DELETE smile



Geschrieben von mmphotos am 07.12.2009 um 23:27:

 

@ Suraki: Wann et nemmen fier ze steppelen as, dann loos et dach einfach sin!



Geschrieben von BlueRic am 10.12.2009 um 18:14:

 

@ suraki an mmphotos: Ech wéilt awer elo och gären wessen em wat et hei geet. Dir macht een hei ganz fierwelzeg mat ären Kommentarer resp. geläschten Kommentarer.



Geschrieben von gloda am 10.12.2009 um 18:16:

 

"Cool Fotoen, du hues awer vill Chance mat déngem Fotoapparat."



Geschrieben von deBaemm am 10.12.2009 um 18:29:

 

"Deen ass awa schéin däin Apparat! Mengen ech wenschen mer och soueen fiir Chreschtdaag, waat kascht sou eppes dann?" Hun ech relativ rezent réicht héieren Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH