D'Millioun ass voll
(11.03.2008 - 00:18)
Elo firun e puer Minutten, just no Hallewnuecht ass et geschitt: Mir hun d'Millioun gebrach waat dVisiteuren am total ugeet, säitdem mer online sinn. Dobäi gëtt ee User den PG besicht huet, fir 24 Stonnen net méi gezielt.
Eng Millioun ass scho ganz vill, an mir wëllen hei nach eng Kéier eise User merci soën, well dir sidd et, déi PG sou flott maacht. Säit September '05, dem Mount wou mer online gaange sinn, sinn elo iwwer 17.000 Fotoen ropgeluede ginn, matt denen mattgezielt dei an Tëschenzäit rem geläscht gi sinn, sinn et der suguer iwwer 20.000. Dobäi sinn iwwer 93.000 Kommentarer geschriwwe ginn, d.h. bei denen dauert et och lo net mei immens laang, bis mer d'Grenz vun 100.000 erreechen. Äusserdem hu mer bal 1500 ugemellten User. Daat ass immens vill, wann ee bedenkt, dass mir an engem klenge Land wéi Letzebuerg sinn, an mir bal kéng Reklamm soss maachen äusser op dräi klenge Websäiten, an duerch all eis Memberen déi eis weiderempfeelen.
Dir sidd och lo secher gespaant wen den Milliounste war ... mee do muss ech ierch enttäuschen, et war keen registréierte User.
Maacht all weider esou, vill Spaas weiderhin!

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
symptome
18.03.2008 - 00:05
all respekt. an knapps 3 joer 1 millioun visiteuren. hun d stones net och sou vill zuschauer op hieren concerten an 3 joer???? nemmen weider sou!