Photogen huet haut Gebuertsdag
(19.09.2011 - 10:41)
Haut op den Dag genee ass et 6 Joer hier dass Photogen.lu online gaangen ass, nämlech den 19. September 2005. An dëse 6 Joer ass vill geschitt, vill Leit hu sech kenne geléiert, vill Fotoen sin diskutéiert ginn, vill Leit konnten sech weiderentwéckelen, wourop mir besonneg stolz sinn.
Säit 2008 och als a.s.b.l. ugemellt si mir an Tëschenzäit ee vun de gréissten an aktivste Clib zu Lëtzebuerg mat och ënner anerem wuel der héchster Unzuel vu jonke Leit als Clubmember.
E puer technesch Informatiounen wat bis elo esou geschitt ass:
- Total Klicks: 432'140'206
- Erop geluede Fotoen: 42'867 déi am ganzen 220'148'425x gekuckt gi sinn
- Kommentarer sinn 269'543 geschriwwe ginn bei Fotoen, News, Tutorials an Artikelen
- Ugemellten User um Site: 2'935
- Clubmemberen: 126 (dovun 50 mat Lizenz bei der FLPA)
Wann een dann nach d'User derbäi zielt déi mer bäikritt hun well mir viru kuerzem Photoshoot.lu och iwwerholl hunn, kënnt een op 3'907 ugemellte User (wou allerdings och vill Leit zwee mol dann gezielt sinn) wou Photogen geréiert, an am ganzen bal 100'000 Forum Kommentarer.
Dëst alles ass natierlech just méiglech duerch all eis User an Clubmemberen, dofir op dëser Plaz e grousse Merci u jiddereen dee regelméisseg aktiv ass an soumat mat derzou bäidréit dass et esou weider geet mat Photogen.
An dat wichtegst: Mir wënschen Iech weiderhinn vill Spaass beim Fotoen maachen :)

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Digital-Art
19.09.2011 - 12:05
Alles guddes vir d'Zukunft.Béid Foren kennen sech mat guddem Gewessen a punkto Qualitéit weise lossen.
gogo
19.09.2011 - 13:16
Alles Guddes
Merci un d'Grönner, well ouni hieren
Courage, Enthusiasmus an Asatz fierun 6 Joer wier Photogen nie enstaanen,
an merci un alleguer di aaner User'en well soss wier Photogen och keng 6 Joer aal gin
PS: gett et e Kuch um naechsten Phototalk?

Johny
19.09.2011 - 13:32
Staumeeting ass eigentlech original do gewiecht fir ëmmer ze feieren dass et eis alt erëm 1 Joer méi gëtt
jekyll
19.09.2011 - 13:24
Happy Birthday, an en decke Merci un all déi Leit déi Dag fir Dag sech fir den Sit asetzen. ... an Boah...ech sin een fun nemmen 50?
crici
19.09.2011 - 14:51
Ma dann alles Guddes an eng schein continuation ) An nach en groußen Merci un all dei Leit dei desen Flotten Site ermeiglechen ))
diddylux
19.09.2011 - 15:37
happy birthday to you,
happy birthday to you,
happy birthday dear Photogen,
happy birthday to you!!
happy birthday to you,
happy birthday dear Photogen,
happy birthday to you!!
BAPAX
19.09.2011 - 22:50
Joyeux anniversaire photogen.lu, an e grousse MERCI vun all denen dei durch konstructif kritik vun de user hun vill diefen beileieren an sech weiderentweckelen konnten a nach emmer kennen !
big-basti
21.09.2011 - 18:29
Nodréiglech och vun mir alles Guddes gewënscht! Supper Arbecht hudd der geleescht all di Joren! Chapeau !