FLPA Lizenzen ze kréien
(06.02.2009 - 00:05)
D'FLPA, also d' Fédération des photographes amateurs bidd Lizenzen un, déi een brauch wann een wëll Deel huelen u Konkueren déi vunn aneren affilitéierte Fotoclib organiséiert ginn. Vun elo un kann ee beim Umellen als Member bei eis am Club dës Lizenz direkt mat huelen, an kascht just 5€ pro Joer.
Fir déi Leit déi schonn Member sinn, an esou eng Lizenz wëllen, schéckt w.e.g. eng E-Mail op email@photogen.lu an als zousätzlech Donnéen gidd w.e.g. ären Gebuertsdag, Nationalitéit an Telefons Nummer un. Déi brauch d'FLPA fir dës Lizenz ze erstellen.
Fir déi Leit déi eigentlech schonn esou eng Lizenz hun iwwert en anere Club an deemno wéi wéilten bei eis wiesselen mat deser Lizenz, schéckt just är Lizenz Nummer als E-Mail op email@photogen.lu
Wann nach Froen sinn, stellt se roueg hei oder per E-Mail.

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Johny
06.02.2009 - 00:17
Verwiessel elo net FLPA mat FIAP. FLPA an soumat och dës Lizenz, ass alles nëmmen national, huet näischt mat der internationaler FIAP ze dinn
gloda
06.02.2009 - 10:18
Ok. Mee bréngt d'FLPA net heiansdo déi international Concour'en vun der FIAP op Lëtzebuerg? Am Summer war zum Beispill esou een Salon zu Esch wou mengen ech den mmphotos och matgemach huet.
Johny
06.02.2009 - 10:21
Detailer weess ech do elo net well ech jo och nach net wierklech aktiv do sinn, mee fir bei FIAP Konkuere mat ze maachen muss een och do erëm eng Lizenz hunn, déi awer 30¤ / Joer kascht.
Et ka sinn dass d' FLPA eppes organiséiert huet a jiddereen an der FIAP konnt matmaachen an dat ass dunn zu Esch ausgestallt ginn oder sou
Et ka sinn dass d' FLPA eppes organiséiert huet a jiddereen an der FIAP konnt matmaachen an dat ass dunn zu Esch ausgestallt ginn oder sou
mmphotos
06.02.2009 - 13:54
Also mat der FLPA Lizenz daerf een bei internationalen concouren vun der FIAP matmaachen. Do muss een just "entree" bezuelen ausser wann et zu Letzebuerg as, wei deen concour zu Esch.
lupus1701
06.02.2009 - 17:41
Als Tresorier vun der FLPA kann ech soen, dat d'Lizenz vun der FLPA berechtegt fir un all Koncours den ennert dem Patronage vun der FLPA steet deelzehuelen an awer och un Internationalen Konkursen déi ennert dem Patronage vun der FIAP stinn. Also och um Salon Mondial vun Esch deen all Joer as an den Salon Digital vun der Camera Luxembourg deen all 2 Joer ass. International Konkuren vun der FIAP kaschten allerdings relativ vill Geld (20-30$) je nodeems u wéivill Katégorien a Biller een eraschéckt. Salons FIAP: http://webplaza.pt.lu/public/suyswill/index.html
Konkours FLPA: www.flpa.lu
Konkours FLPA: www.flpa.lu
the_zipper
08.02.2009 - 13:56
Dest Joer get der FLPA hieren Salon am Hiescht zu Walfer vun de Walfer Fotofrenn gemach. Et ass och keen Thema virgeschriwen. Also avis aux amateurs.
Icro
09.02.2009 - 19:13
sali, wat kreien mir als bestädegung wann dat geschitt as ,eng E-mail? oder wei.
An wat kreien ma sou eng Card fir ais ausgzewaisen , oder wat ?
An wat kreien ma sou eng Card fir ais ausgzewaisen , oder wat ?
Jeanny
14.02.2009 - 06:12
Hallo
Wollt de Lizenz dann och mol hun.
haat en E-mail bei iech gescheckt. War den ukomm oder net. Ech grudd eppes ob englesch gescheckt sou wann se net ukomm wir????? ( ka keen englesch))
e scheine Weekend

14.02.2009 - 12:27
Dach mer krute se an du misst gëschter eigentlech eng Äntwert kritt hu vum Yannick.
Jeanny
14.02.2009 - 16:18
Mee duerfir hun ech nogefrot, well ech et kreit hun, dass gudd ech iwerweisen se.
Merci
Merci