Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Erstelleng vun engem Polaroid-Cadre
 
Erstelleng vun engem Polaroid-Cadre
Du sichs fir déng digital Photoen no engem kultegen cadre aus den "aalen" Zaiten? Awer kee Plang wat genau's du sichs? POLAROID-Look Name Eigenmarke - liicht gemaach.

wichteg! "Schaffen mat Hëllefslinien" zur Verständlechkeet vun desem Tutorial noutwänneg!
Vu que dass ech an desem Tutorial net méi weider wärt an den Détail goen wat d'Uleeen vun Hëllefslinien ugeet recommandéieren ech iech dréngend als éischt "Schaffen mat Hëllefslinien" duerchzeliesen oder Kenntnisser am Schaffen mat Hëllefslinien ze hun. merci

[step 1:]
Als éischt fänken mir mol e neit Bild un:
Breet: 300 pixel * Héicht: 300 pixel an gin em zB. den Numm: "Polaroid_cadrage"



[step 2:]
Als nächst leeen mir e puer Hëllefslinien un déi ais herno wärten hëllefen d'Rumm vum Polaroid-Bild präzis an d'Mett ze kréien:

9x Hëllefslinien:

(Grondcadrage)
* 10 pixel vertikal
* 290 pixel vertikal
* 10 pixel horizontal
* 290 pixel horizontal
* 230 pixel horizontal

(Photocadrage)
* 15 pixel vertikal
* 285 pixel vertikal
* 15 pixel horizontal
* 225 pixel horizontal



[step 3:]
Elo graifen mir zum Auswahlrechteck-Werkzeug an zéihen vum lénksen Eck uewen bis zum rietsen Eck ennen een Rechteck, dest gett elo zu enger Masque - fir des elo ze solidifiéieren fellen mir den Inhalt unhand vum "Füllwerkzeug", wielen d'Faarw "waiss" an maachen e Lénksklick an d'Masque.



[step 4:]
Fir et elo net esou langweileg ausgesin ze lossen mir ais kreativitéit e bessi spillen an "veronrengegen" den cadrage e bessi:
Dofir graifen mir einfach nom "Pinsel-Werkzeug", wielen an der Faarwenpalette e Pinsel (trockener Pinsel zB.) an eng hellgro Faarw eraus, setzen "Deckkraft" op +/- 50 souwéi och den "Fluss" op +/- 10.



Als éischt veronrengegen mir d'Kanten vun aisem Cadre, vun all Sait e bessi an un den Ecker e bessi méi staark. Wat et méi onreegelméisseg veronrengegt as wat et herno besser ausgesait



[step 5:]
Duerno "beschmuddelen" mir nach e bessen den ënneschten Rechteck, also den Espace fir d'Bëschrëftung herno. Plaatzeweis e bessi méi, plaatzeweis e bessi manner.



[step 6:]
Elo këmmeren mir ais nach em den Plastegkeets-Effekt vun der Photo unhand vun den "Fülloptionen" vun der "Ebene 1" - Fir eisen Cadre brauchen mir "Schlagschatten" (Alles op standard) wéi och "Kontur": Gréisst: 1 pixel, Faarw: Donkelgro



Souwait wier eisen Cadre faerdeg ...

[step 7:]
Elo fehlt just nach e Bild fir an d'Mëtt vun eisem Cadre, hächstwahrscheinlech mussen mir d'Bild nach e bessi trimmen oder mir wëllen nemmen een gewëssenen Aussschnëtt vum gewënschten Bild gesin.



Wann dir d'Optioun vun den Hëllefslinien "Ausrichten" aktivéiert hudd waert dir mierken dass dat agefügtent Bild sech automatesch un den Bord vun eisem bannëschten Rechteck "pecht".
Dir braucht et also just nach an déi passend Form ze zéihen an dann mat Hëllef vun den Bild- "Fülloptionen" -> "Schein nach innen", Faarw: Schwaarz, Füllmethode: normal een Schied nobannen ze projezéieren.



[step 8:]
Fehlt just nach eng kléng Beschrëftung...
An faerdeg as aisen Polaroid-Cadre.



Nach vill Spaass beim Photobeaarbechten - linden philippe alias guardian
Geschriwwen vum guardian 07.01.2006, ass säit deem 20853x gekuckt ginn.
guardian 09.01.2006 - 17:49
1. Natierlech kann een och aaner Gréissten huelen, dann muss een d'Hëllefslinien natierlech och e bessi aanescht plazéieren, huelt dir zB. gaeren 800x800:

den Oofstand zu dem Bord kann eigentlech deen glaichen bleiwen (well mir deen Oofstand wéinst dem projezéierten Schied haalen, fir dass den Androck awer esou iwwerragend bleift muss een den Schied vlait awer méi grouss maachen wat natierlech och eng Versetzung vun den Aussenhëllefslinien mat sech bréngt)

zB. bei 800x800:
(20 pixel Oofstand op all Sait)
* 20 pixel vertikal
* 780 pixel vertikal (800-20 pixel)
* 20 pixel horizontal
* 780 pixel horizontal
* 700 pixel horizontal (800-100 pixel)

2. Deen Trick mat "CTRL+SHIFT" as mir bekannt, genausou wéi deen mat dem "zentréieren" ech selwer gebrauchen deen reegelméisseg awer net bei engem stets glaichen Cadre - wéi gesoot, wien sain Cadre emmer well glaich grouss hun an no präzisen Valeur'en schaffen wëll huet besser op Hëllefslinien zeréckzegraifen. closed_eye
LaaChkiChelChen 17.04.2006 - 15:37
Hun bis lo hei alles gemaach wat gesoot gin as mais kreien keen bild an den kadrage dran, wei geet daat w.e.g.?

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 321 Gäscht online