HDR by motiv | |
(bèscht Bild matt enger Beliichtung) HDR, Waat ass daat, virwaat héiert Een esou vill dovunner an wiesou soll Ech et gebrauchen? An natierlech: Wéi geet daat? Ech well elo hei net matt villem teschneschen Jargon schéissen, et gin genuch Refferenzen online déi daat vill besser erklären. Ech well hei just erklären wéi “meng perséinlech” Approche zum Thema ass, an déi soll grob an kloer sin fir Jidereen. (end Resultaat) 1) Waat ass daat: HDR ass eng Teschnik die et Eis erlaabt verschidden Beliichtungen vun der selwechter Foto zesummen ze bréngen, fir um Enn eng Foto ze hunn die an all Bereicher perfekt beliicht ass. Wann d’Teschnik richteg agesaat get, dann kritt een eng Foto die exakt deem entsprëcht, waat den Fotograaf gesinn huet (oft héiert Een: “et war esou schéin, Du häss missen do sin”)...Daat nennt een e True Tone HDR (TT-HDR) an do probéiert een die puer Beliichtungen esou ze mëschen, dass et esou natiierlech ausgesait wéi méigleg. Wéi bei Allem, ass d’Versuchung grouss et ze iwwerdreiwen an et entsteet en méi surréalistecht Bild, get och Grunge Effekt genannt. All Anfänger kënnt domadder, awer schnell mierkt een, dass duerno all Foto d’selwecht ausgesait. (grunge Effekt) Ausgangs Material: “Ech” stellen mein Apparaat am Autobracketing an, matt fester Blend (Aperture Priority) (méschtens F9 fir die néidech Schäerft ze hunn) an natierlech matt nideregen ISO 100 an, vue dass den Apparat op Stativ ass, ass et net séélen dass mir fir die iwwerbeliicht Fotoen op Beliichtungen vun iwwert 1 Sekonn (an och méi) kommen...Den Autofokus soll manuell sin an Ech ziilen mein Beliichtungsmesser op e Metteltoun am Bild, am Beispill waar et den Baam iwwert dem Cube....(dëst sin keng fest Astellungen die bei all Foto klappen, awer meng Ausgangsastellungen, die awer variabel sinn) Hei die 3 Biller die benotzt gouffen (kuckt op den Histogram, sou sollen die 3 Fotoen sin an et erméiglegen op der ganzer Range Wäerter ze hunn). Ech versichen och nie méi Biller ze benotzen, Verwackelungsgefor ass méi Grouss matt méi Biller (Nikon ATBKT gin et 9 Biller), an et entsteet och méi Rauschen beim zesummesätzen am Photomatix: Wann Een seng 3 Biller huet, kann Een déi am Photomatix opmaan: Hei sin elo meng standard Astellungen: Ech alignéieren “emmer” bei Matching features... Chromatesch Aberratiounen entstinn oft bei schlechten oder Waitwénkel Objektiver, kann een hei uklicken, awer och no Préférenz an engem Bildbearbechtungs Programm wéi LR3 oder PS ganz einfach entfernen. Reduce Noise: maan Ech léiwer am PS, hei haat ech oft matscheg Resultaater an verloscht u Schäerft Ghosting: op Allefall uklicken demno op et eng Landschaft ass matt Beem a Blieder wéi an mengem Beispill, oder op et eng Strooss ass wou Autoen laanscht fueren oder Leit spazéieren. Waat geschitt duerno? Photomatix, HDR Pro oder HDR EFEX PRO sollen, a mengen Aen, nemmen benotzt gin fir d’Biller emol zesummen zekréien: Noschärfen, Faarwkorrektuer, eppes eweg stempelen, Rauschen entfernen an mein “perséinlechen Touch” entstinn emmer nach am Photoshop. Do ass et wou sech een HDR vum aaneren ennerscheed. Och wann Een reng théorétesch Alles am Photomatix maache kéint, huet Een nach laang net die selwecht Kontroll wéi wann een et duerno am Photoshop mescht. Ech hoffen dese Beitraag helleft Iech e bessen weider. Ech hunn versicht et esou einfach duer ze stellen wéi et nemme geet. Alles waat hei steet ass net “Gesetz”, just meng perséinlech Erfahrung an Vorgehensweise, matt menge Wieder erkläert, ouni e copy/paste aus engem Wikipedia Artikel ze maan. Vito Marinelli aka Motiv |