D'Vugelsmillen teschent dem Mellerdal an dem Grondhaff ass emmer nees eng flott Plaatz fier üben ze goen. An desem Fall Waasser an LZB ... et ass keen grousst Geheimniss wien mech do inspireiert huet ;)
Flott Serie. Mais den Nummer 3 gefällt mir am beschten. D'Startfoto inspiréiert méch elo net sou vill. Dat Holz do brécht d'Bild a mécht et irgendwéi onroueg. Ech hu mol mat Pabeier um Ecran de Cadrage méi engk gemaach, sou datt lénks d'Foto just ënnert dem Baanstammm, deen an der Diagonal ropgeet, ophält. Sou huet se fir méch méi Effekt. Mais bon, dat ass adG an du bass Här a Meeschter iwwert däi Cadrage.
den "Mikado" deen sech hei zoufälleg zesummengestallt huet, wollt ech tatsächlech esou hun, well, och wann sech nach ëmmer d'Waasser erfier deet ass et awer d'Holz waat ech probeiert hun an Szene ze setzen (hätt kënnen dei Lomp an der Mëtt ënnen ewechstempelen). Cadrage, eng richtungsweisend Diagonal vun lenks ënnen no riets erop an dann deen Koup an der Mëtt deen d'Richtung (no riets) ënnerstreicht.
Awer gudd, ech huelen dein Gedanken mat an probeieren daat mol ëmzestezen.
Ech gesinn du bass och do erof gekraxelt, an et huet sech jo och gelount. Flott Serie hues de hei zustane bruecht, a besonnesch cool fannen ech dat vun dëser flotter Platz zwee Mol eng Wochefoto hei um Site dobei eraus koum.
E bessi Action muss jo awer sin ... ( e bessi den Wee eran ass shon guer net mei esou schwiereg )
Merci Marc, unerkennend Wieder vum Waassergott free'en mrch besonnech.