Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Garer Quartier IX

 
All Fotoen an dëser Serie:
47775 Thumbnail
47776 Thumbnail
47778 Thumbnail
47779 Thumbnail
47782 Thumbnail
Garer Quartier IX
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    28.06.2022
  • Gekuckt:
    15076
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    14
  • Originaldatum:
    2022
  • Fotoapparat:
    Leica M10 Monochrom
  • Objektiv:
    Leica Summaron 28mm f/5.6
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Street
Extras:
Gielfilter

Fir anzesetzen: [pg_img=92115]
Kommentar vum Fotograf:
Impressiounen vun der Gare mat engem klenge clin d'oeil op d'Hotelsbetriber aus dem Quartier (Alfa, City Hotel, Italia, Bristol, Empire)
tormi 28.06.2022 - 22:12
Do hun sech dei 6 Euro gelount,

flott sin d'Tramschinnen dei an enger liichter Courve hannert dem Gebei mam Horizont zesummenlaafen an domat der Photo eng chic Bewegung gin. Exzellent.

Mat dem Breakdancer din ech mech am s/w e bessi schweier, deen wierkt mier ze nervös fier den Rescht vun der Plaatz.
gemu 28.06.2022 - 23:24
Meric Tom, jo di Suen si gud investéiert. Ech hu mir lo de Breakdancer um grousse Schierm ugekuckt du hues absolut Recht wierkt effektiv greilech total iwerschaerft (awer komescherweis just de manege selwer ouni d'alentoursen) a get ersaat duerch eng Vue dei dir net ganz friem dierft sin smile
tormi 29.06.2022 - 16:10
Richteg, den Rescht vum Bild war eigentlech an denger beleiftener Maneier.

Ech mengen, wanns de en Tuer mat deem Rad mechs leit et op der Hand d'Garer Plaatz ze fotographeieren. Haas du Gleck mam Kraan?
gemu 29.06.2022 - 16:43
Merci Tom, jo wéi gesot mam Breadancer war mir guer net opgefall um ale Windowsnotebook wou ech eropgelueden hun, mee um groussen Birenecran ass direkt an d'Ae gestach an huet wéi gedun. Jo et gin nun mol nëmmen 2 Richtungem aus dem Rad eraus no riets an no lënks, do ass net vill Méiglechkeeten. Ech haat effektiv Chance dat kee Kran gehënnert huet.
Nicon07 29.06.2022 - 22:17
Ass do wirkléch keng Rundumsicht méigléch. Dann iwwerleeën ech mir et awer, ob ech domadder fuere wëll. Oder, ech huelen d'Pentax 67 mat, fir de Flip.
gemu 29.06.2022 - 23:30
Rundumsicht ass méiglech, awer duerch Plexi am Réck an en plus oninteressant. Et ass awer trotzdem dowaert ech bereien et net.
tormi 30.06.2022 - 05:28
Du kriss 3 Tier mat enger kuerzer Halt uewen op der Spetzt gebueden. Alles am Allen geet et zimlech schetzeg sou dass net vill Zeit fier speziel Astellungen bleiwt.
Nicon07 29.06.2022 - 22:23
Gutt, datt keen Tram do gefuer kënnt, well do hënneren di Potencen.


Mais zur Quali vun der Foto: Wann ee genee kuckt an der Vergréisserung op engem 4K-Birenécran (vum EiSpeckPro), da gesäit een, datt iwwerschärft ass. Wann ee ganz no bäi geet, da gesäit een Kompressiouns-jpeg-Këschtercher. Lo weess ech nit, ob déi durch d'Vergréisserung vu PG kommen, oder ob déi schon d'office bei déngem upload präsent waren. Dat géing dann och de Briechdanz-Problem erklären. Dat kann ee jo lo nit m?i kucke, well jo de Rempla?ang schon do ass.
gemu 29.06.2022 - 23:35
Zenter dat ech mat der M10M mat 40 Megapixelen schaffen sin all meng Fotoen hei op PG iwerschäerft, daat kënnt duerch d'Kompressioun fir den upload, ech kréien daat leider net méi an de Grëff. Bei enger 20 Megapixelencam haat dech daat Problem net esou, soubal een a meng Biller eraklickt wirken se iwerschäergt op anere Siten wou d'Original eropgeluede ass alles gud.
wuff 30.06.2022 - 15:08
Ganz flott Serie
gemu 30.06.2022 - 23:16
Meric Mike, besonnesch och fir de fav
marker 18.07.2022 - 12:06
Ech sin e grousse Fan vu knackeger Schärft an enger Foto, dat kënnt warscheinlech dohier dat ech vill mat Groussformat geschafft hun, an esou gesinn fannen ech deng Serie hei richteg gutt. Fir mech näischt ze vill.
Gutt gemach Georges.
gemu 18.07.2022 - 19:22
Merci Marc, däin avis ass mer ëmmer eng grouss Hëlef
marker 19.07.2022 - 11:15
Dat freet mech Georges

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 410 Gäscht online