Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

... durch d'Fielsen d'Sauer...

 
... durch d'Fielsen d'Sauer...
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (26.10.2021). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    25.10.2021
  • Gekuckt:
    16929
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    18
  • Beliichtungszäit:
    1/80 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1701x800
  • Späicherplaz:
    637 KB
  • Originaldatum:
    2021:10:24 16:57:22
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91643]
Kommentar vum Fotograf:
brécht op der Todlermillen, eng kleng Véerelstonn viru Sonnenënnergang.
Zora 25.10.2021 - 21:50
Ohhhhh vill Faarw, vill zevill Faarw fird Zora, mee bon ass jo mein Probleem, deng Foto ass gut wei se assbigsmile
Nicon07 25.10.2021 - 22:08
Wou ass dann do vill Farf, Pierrette? Déi ass dach net wäit vu schwarz-wäiss... tongue smile
Zora 25.10.2021 - 22:42
So daaaat mol mengen Aaen closed_eye
Paul-H 25.10.2021 - 23:43
Ech muss zwar dem Pierrette Recht gin: Besonnesch gring ass iwersiedecht.
Nicon07 26.10.2021 - 12:52
Dat ass bestëmmt net falsch, déng Remarque, mais et ass net evident, wann een elo net zevill retouchéiere wëllt, an hanneno ee Lightroom-Photoshop-Wierk rauskritt, fir sou kriddelech Liicht-Schiedsituatiounen "natiirléch" ze kréien. Vläicht huet et domadder ze din, datt ech als Virastellung net "neutre" oder "standard" hat, mais " paysage". Ech misst dat mol checken an am LR ëmstellen. Mat RAW ass dat jo keng Affaire. Oder mat Maskéiere vun der Wiss. Wann ech den Owend e bëssen Zäit hun an doheem um Computer si, kucken ech mir dat mol nach eng Kéier un. Merci, Paul.
Paul-H 26.10.2021 - 12:58
Ech benotzen am LR den paysage extrem selten, daat knallt einfach zevill. Meeschtens, sou wé's du selwer sees huelen ech neutre oder Adobe Standard an ajustéieren dann vun do aus.
Nicon07 26.10.2021 - 13:31
Ech huelen do d'Kamera-Profiler. Mais bon, dat ass souwisou eng ganz komplizéiert Geschicht. Pro-Photo, Adobe RGB 98, s-RGB an dann nat di ënnerschiddléch kalibréiert Ecranë vu jiderengem vun eis, d'Luucht ronderem an eis perséinlécht Farfempfannen. An da soll do eppes Objektives rauskommen. smile

Wi gesot, ech huelen dat den Owend op de Leescht.
Nicon07 26.10.2021 - 19:11
Ech war lo am spéiden Nomëtteg nach eemol op d'Sauer an ech muss soen, in natura ass d'Wiss am Moment wirkléch sou saat gring am Schied, wann d'Hiwwelenvun der Sonn ugestralt gin. De Capteur huet do schon zimmléch genee festgehale, wéi et war.
Nicon07 26.10.2021 - 19:16
Lo hun ech di Foto hei dann am Gring bal komplett entsiedecht. Mais riiseg vill !Ennerscheed ass et awer net. Wat mengt dir lo?
Paul-H 26.10.2021 - 20:08
Ass schon besser, mee elo fällt mir op dass et och bessen vill Blo am Bild gett, besonnesch d'Sauer selwer. Ech sen awer och nie zefridden smile
Mee bei Dir därf een daat jo.
Nicon07 26.10.2021 - 20:24
Dat Blo kënnt doduerch, datt dat Gring, wat jo awer och am Spigel vun der Sauer dra war, lo raus ass. An dann duerfs du net vergiessen, datt an der Foto hei zwou verschidde Farftemperature sin, noutgedrongen. Wann ech elo do d'Kelvin am ganze Bild änneren, da gëtt deen hellen Deel nach méi gesiedegt.

Oder, an dat ass am Fong méng Absicht hei, et kuckt een de Bildopbau: d'Sauer an dee beliichten deel vum Bësch maachen eng Diagonal, déi ee Komplementarkontrast blo - giel-orange duerstellt. Gell?

(Uff, do hun ech awer elo eng gutt Ausried fonnt bigsmile)
Paul-H 26.10.2021 - 21:09
Kelvin hin oder hier smile
Wanns de géifs versichen d%u2018Luminanz vun deem Bloen ze hiewen géif dem Bild secher net schueden.
Nicon07 26.10.2021 - 22:04
Lo awer net méli, et ass scho spéit. Zäit fir kleng Jongen an d'Bett ze goen. smile
Paul-H 26.10.2021 - 22:27
smile
pixelman11 27.10.2021 - 14:46
Op denger Foto kritt "zur blauen Stunde" nees eng nei Bedeitung.
Nicon07 27.10.2021 - 16:56
Firwat eigentléch net?

Kann et net einfach sin, datt di dote Liichtsituatioun fir méch in natura "impressionnant" war, an ech dat elo net EBV-technesch hikréie, well de Capteur eppes ganz aaneschtes do enregistréiert huet? Mais bon! Et ass léif, datt dir iech sou zu Wuert mellt. Sou kann ee wéinstens zesummen no enger besserer Léisung sichen.

So mir einfach konkret, wou an der Foto ech wat wéi soll manipuléieren, an da probéieren ech dat mol. Dat wier wirklch léif vun dir - a selbstverständléch geet deen Opruff och un all déi aaner, déi hei eppes dozou soe wëllen.
pixelman11 28.10.2021 - 08:49
Ech géif bloo mat der Pipette selektionnéieren an dann entsättegen an ev. de Kontrast nach eroofsetzen.
Nicon07 28.10.2021 - 12:39
Ok, da probéieren ech dat mol. Dat miss bestëmmt klappen. Effektiv huet d'Sauer am Moment, wéi ech do den Tour gaange sin, bal schwarz ausgesin. An datt se hei op der Foto dee bloen Himmel spigelt, ass och net richteg, well sou géint 18 Auer MESZ Enn Oktober ass den Himmel net mi blo. Ech weisen dat dann den Owend.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 278 Gäscht online