Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Schachbrett

 
All Fotoen an dëser Serie:
37071 Thumbnail
37072 Thumbnail
Schachbrett
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.07.2013
  • Gekuckt:
    35835
  • Favoriten:
    7 (Wen?)
  • Kommentarer:
    25
  • Originaldatum:
    2013.07.06
  • Fotoapparat:
    D800
  • Objektiv:
    Sigma 150mm 1:2.8 APO Macro DG HSM
Kategorie: Déieren »» Makro
2. Kategorie: Déieren »» Insekten & Spannen
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=73503]
Kommentar vum Fotograf:
Melanargia galathea

Un dësem Makro ass just uewen 5 mm ofgeschnidden ginn. An een Héichpassfilter 0,8 mat Strahlendes Liicht geschaaft ginn. Also bal out of cam. An di selwecht an der Vergréisserung.
Sinn mol gespaant wat dir dovunner Halt.
Iso 800
f8
1/640
Zäitautomatik
Auerzäit: 7:40:25
Jacques 06.07.2013 - 18:54
Ech fannen se allen zwou wonnerbar!!
Den Iwergang vun deenen schéinen Pastellfarwen ass perfekt.
Drëtonguepsen op den Flilleken wirken richtech schéin!
Den Hannergrond harmonéiert mam sujet.
Do hues du ganz gudd geschafft an eng proper Arbecht gemeetsmile
(Ech perséinlech géif en Tick méi Kontrast dran machen, dann stiechen déi schwarz Linnen vum "Schachbrett nach besser eraus. Mee daat ass a.d.g)
Conley 06.07.2013 - 19:11
Villmools Merci Jacques fir däin Komentar an de Fav. Aarbecht hunn ech mir jo nach keng domadder gemaach bis op Foto selwer. closed_eye Mam Kontrast hues de sécher Recht. Ech wollt se mol einfach esou loossen (bal out of cam). smile smile
Jacques 06.07.2013 - 19:12
Du muss guer neischt drun machen, sie sin och esou wonnerbar!!!smile
Conley 06.07.2013 - 19:24
Nach eng kéier Merci gesot Jacques. smile
Scyv76 06.07.2013 - 18:58
Also déi serie ass wiirklech s****gudd...fantastesch schärft, detail, hannergrond (genial do den iwwergang vum beigen toun an daat bloot vum himmel)...mat den drepsen ass wiirklech d'kiicht um kuch, och super de sujet vum hannergrond getrennt...kann mech nemmen widderhuelen : genial...meng wochenfoto !!!

Ech mengen du woors de Moien fréi op vir déi ze maachen smile ?
Conley 06.07.2013 - 20:10
Zäit steet elo mol derbäi, war awer schonn um 6:00 op der Platz. Gester Owend war ech och schonn do, an wollt mol eng kéier deen Päiperlek mat Drëtonguesen Fotograféieren. Villmools Merci fir de Komentar de Fav. an deng Begeeschterunge Scyv76. smile smile
Scyv76 07.07.2013 - 10:26
Gär geschidd closed_eye
gemu 06.07.2013 - 19:53
Stark Opnaam, wonnerbar Harmonie vun den Faarwen, immens flott Détailer, déi Drëtonguesen hun mech och impressionéiert.
Conley 06.07.2013 - 20:38
Dat freet mech dass se der esou gutt gefält. An Merci fir däin Komentar gemu. smile
mischii 06.07.2013 - 22:27
schéin douce Faarwen, waarm a kaal gemëscht klicken ass hei e must fir d'Schärft an d'Drëtonguese genéissen ze kënnen
mäi Favorit ass d'Héichkantformat
Conley 07.07.2013 - 00:07
Dat freet mech mischii, ech sinn jo eigentlech een Klasseschen Makro Fann. An dofir weisen ech se och gären esou. Beléift sinn esou Fotoen hei um Site leider net. An dofir méi Detailer an der Zweeter!!
mischii 09.07.2013 - 00:18
ech confirméiren, dass hei um Site awer och Fans vu gudder Macrofotographie sin, loos do d'Lätongueper nët hänken a fuer esou weider
Conley 09.07.2013 - 22:16
Villmools Merci mischii fir Confirmatioun. Esou séier geheit deen heiten Bängelen net bei Tromm!!
Och wann et heiansdo schwéier ass. closed_eye
jorsch 06.07.2013 - 22:35
Wéi ëmmer eng super Schäerft.
Mä hei sinn zousätzlech déi Dadrëtonguesen um Päiperlek, déi maachen en nach méi zaart an delikat. An de Pastell-Hannergrond gefält mer och.
Eng Top-Opnahm fir mech!
( Als Vergréisserung hätt ech villäicht just ënnen a riets geschnidden, d'Héichformat gelooss. Den Hallem kënnt esou flott aus dem lénken Eck uewen. )
Conley 07.07.2013 - 08:52
Villmools Merci jorsch fir de Komentar de Fav. an däin Tipp smile
Maimonides 06.07.2013 - 23:32
Exzellent di do, Conley.
Probéier se och mol am S/W.
Conley 07.07.2013 - 08:54
Wärt ech maachen, Merci gesot Maimonides. smile
Jeanny 07.07.2013 - 06:23
eng Freet fir Aen
Conley 07.07.2013 - 08:55
Merci gesot Jeanny. smile
TC 07.07.2013 - 08:35
Flott erwëscht! Waasserdrëtonguesen op den Flilleken an Faarwen gefalen mer gut.
Conley 07.07.2013 - 08:56
Och dir een decken Merci TC. smile
gtaddei1 07.07.2013 - 18:19
Des ass definitiv meng Fav vun der Woch!
Conley 07.07.2013 - 20:13
Dat Freet mech dass de Foto esou gesäis. Villmools Merci gtaddei1. smile
MR 07.07.2013 - 18:38
Super Makro Conley!smile
Conley 07.07.2013 - 20:24
Och dir Villmools Merci gesot MR. smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 290 Gäscht online