Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Däi gutt al Zäit.

 
All Fotoen an dëser Serie:
34149 Thumbnail
34150 Thumbnail
Däi gutt al Zäit.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.01.2013
  • Gekuckt:
    28864
  • Favoriten:
    2 (Wen?)
  • Kommentarer:
    22
  • Originaldatum:
    2013
  • Fotoapparat:
    Canon 5D Markll
  • Objektiv:
    Canon 24-70mm
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:
Stativ

Fir anzesetzen: [pg_img=70188]
Kommentar vum Fotograf:
no gestallt vu mir :-)
Nichts ist so sehr für die gute alte Zeit verantwortlich wie das schlechte Gedächtnis.

Anatole France
obskur 27.01.2013 - 14:26
Jeanny dat doten as Menges, flott duergestallt, flotten Assemblage, an BEA as super. Nummer 2 as no mengem Goût.
Hun awer och erëm esou eng Wëlles.
Jeanny 27.01.2013 - 18:34
jo, bei dem Wierder, e wonnerbaren Zäitverdreiw, mécht mir och vill Spaass, sou eppes ze arrangéieren, da waarden ech elo op deng Obskursmile Merci
Miau 27.01.2013 - 15:25
flott Jeanny, so een alen Telefon hu mir nach am gebrauch dee geet nach wa kee Stroum do ass, an d'Schreifmaschinn (Olympia) steet a mäi Büro...
Jeanny 27.01.2013 - 18:31
Merci, sou eppes geheie mir jo och net ewech, gell Willysmile hunn 2 Telefonen, den aneren war och bei eis ugeschloss,
Maimonides 27.01.2013 - 15:45
Dee Jugendstil's Fouss vum Känki,
an dat "blot" vum Heft....

...duerfir di 1., Jeanny.
Jeanny 27.01.2013 - 18:29
dat war mengem Papp säi Schoulheft, an de Kenki ass och en Iew-Stéck.
Merci Charel
Zora 27.01.2013 - 16:27
En ganz flotten Still life, hues de den Speicher geraumtclosed_eye, fannen se ganz flott, aalen Krimskrams ass jo Menges wei's de wees, superb!
Jeanny 27.01.2013 - 18:27
en Deel dervun Zorasmile Merci gesot
MR 27.01.2013 - 16:52
Mir gefält déi 1. besser
ganz flott verschafft Jeannysmile
Jeanny 27.01.2013 - 18:26
Merci Martine
mischii 27.01.2013 - 17:11
e richteg klenge Muséé Jeanny, ech ka mech lo net sou richteg entscheeden, bei 1 gefaale mer d'Faarwe besser, perséinlech hätt ech awer léiwer alles schaarf gehaat, also ouni déi Vignette wéi bei 2
Jeanny 27.01.2013 - 18:26
Merci Michèle, bei dem Wierder kann e spillen smile
Conley 27.01.2013 - 18:12
Di sinn Allenzwou ganz flott...An der zweeter kennt den Alter besser eriwwer Jeanny...
Jeanny 27.01.2013 - 18:25
Merci Conley
gemu 27.01.2013 - 18:19
Ganz schéin däin klengen Musée Jeanny, sin allen zwou ganz flott, fir mech eng liicht Tendenz fir déi 1, ass méi douce
Jeanny 27.01.2013 - 18:25
Merci Georges, hunn sou Saache ganz gären smile
Abacab 28.01.2013 - 15:44
Hei passt fir mech och eischter di 1te Versioun Jeanny.
Jeanny 28.01.2013 - 19:20
villmools Merci Marc
Jacques 28.01.2013 - 17:18
Do hues du der vill Aarbecht gemeet Jeanny, an an du hues daat ganz schéin zesummen gestellt.
Déi 2.gefällt mer besonnech guddsmile
Jeanny 28.01.2013 - 19:19
Merci Jacques, bei dem Wierder eng flott Beschäftegungsmile
hardae 29.01.2013 - 08:33
Jeanny, déi éischt gefält mir besser.
Hues du erëm bësse gespillt: smile
Jeanny 29.01.2013 - 15:09
Bei dem Wierder spillen ech gären smile Merci Harry

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 278 Gäscht online