An esou enger Situatioun huet een natirlich nemmen den Handy derbei. Waer awer ze Schued gewiecht fir dat hei net ze knippsen.
Quali ass natiirlech zimlich mies.
Ech hu se an d'Kategorie Witzech Fotoen gesat well mer amfong do net sou op den techneschen Deel oppassen, an fir an eng aner Kategorie ass d'Qualitéit awer wirklech net gutt genug. Mee ass awer derwäert ze gesinn
(Och d'Steckdousen direkt ënnert dem Seefendëpchen sinn interessant ...)
Eng witzeg Foto, lo muss de eis just nach verroden wou dat doen ze gesin ass... dach net bei dir doheem ?
Allerdéngs mierken ech och dass Photogen vill méi lasch gëtt beim fraischalten vun den Fotoen. Ech hun haut schon méi Fotoen ze gesin kritt déi hei nach virun engem Joer ofgelehnt gin wieren...
Bei mir doheem ass ët nët.
Ech weess dass se qualitéitsméissig ganz schlecht ass, mais trotzdem wär ët Schued gewiesst, dës "Foto" nët ze knippsen.
Vun der Technik hier dierft se nët gewise gin.
Mais do sin awer Saachen drop déi "interessant kéinte sin", Saachen déi kee mir gegleeft hätt wann ech se just geschriwen, oder gesoot hätt.
Also misst dëser visueller Informatioun hiere komplementär informative Wert duer goën fir se können ze weisen, och wann se net anischt wéi technisch miserabel présentéiert konnt gin.
Genau Charel ... Et ass eben aus enger Realiteit é gefill entstaanen vun ... mmmmh ... eppes ... genau dat wat du op menger Foto wollst weisen ... ... an daat ouni schnik schnak
Et ass awer elo net dass ech de Schnik Schnak verweisen mé nemmen esou weit gebrauchen fir meng Gefiller duerzestellen...
Dai letzte Saaz, Gennaro, ass de Resume.
An aanere Wierder:
wann de "Schnik Schnak" Selbstzweck geif gin,
da wier en iwerflesseg.
A Merci fir de Fav, deen Erstaunlichen.
Also ech hun dei doten foto schon bestemmt 5x an engem Witzmail mat lauter esou Fotoen geschekt kritt!
Entweeder hues deng Foto geklaut kritt oder deen nämlechten baut nemmen esou Kiichen
Da kruut ech se eben geklaut, JohnJ, desto besser. Dei Zeit war ech deen eenzegen dei wosst wou se gemaach gin ass, well ech se selwer fir d aller eischt gemaach hun.
An deen "naemlechten" baut secher keng Kiche mei.