Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Hexekessel

 
Hexekessel
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.04.2008
  • Gekuckt:
    37051
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    19
  • Beliichtungszäit:
    1/400
  • Blend:
    f/13
  • Brennwäit:
    75 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    870x840
  • Späicherplaz:
    295 KB
  • Originaldatum:
    2008:04:11 08:02:58
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 5D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Technesch  
Extras:
Een gudden Guide, merci Yves.

Fir anzesetzen: [pg_img=26321]
Kommentar vum Fotograf:
Schlaken aus dem Elektrouewen, déi gin vun enger Belscher Firma am Strossenbau verwert, nodem se 2 Joer gelagert gin sin. Déi Lagerung as noetwendeg fier dass den Kaleck deen dran as net méi aktiv as sos gin et Blosen an der Stross.
Shantideva 15.04.2008 - 18:43
Stark! Daat do gefällt! Ech denken et war bestemmt schéin warm do.
Knipser 15.04.2008 - 18:47
merci, dat kann een wuel soen, ech wollt an dem Steps keen Objectiv wiesselen, dofir hun ech misse relativ no erun.
Polinger 15.04.2008 - 19:50
Also ech fannen dei IMMENS... sin selwer een klengen Pyroman... XD, hun Schmieden etc. immens gär n dei do gefällt mer doweinst effektiv closed_eye
Knipser 15.04.2008 - 19:56
merci, jo och ohni Pyroman ze sin, irgendwéi get een Faszinéert vum Ubléck vum Feier.
Polinger 15.04.2008 - 20:10
daat war haut och esou be mengem nooper... deen huet do sou aal Kartrongskeschten verbrannt an en huet eng dran geheit an am plaatz dei nächst ze verfeieren, ass en stoen bliwwen an huet e puer minutten einfach an dei grouss flaam gekuckt. wee wees vun waat hien do gedreemt huet ... =D
Knipser 15.04.2008 - 20:15
Do muss eis nach een Rescht vun déer Faszination an den Genen stiechen déi eis Uhrahnen bei dem mistérieusen Element Feier haten.
Polinger 16.04.2008 - 14:58
jo =D feier huet d'mënschen schon emmer an hieren bann gezunn smile
ChLo 16.04.2008 - 14:42
Wow, super Photo 10/10 fir mech
Knipser 16.04.2008 - 22:14
Wow !!! villmols merci, ech hat mer schon geduet dass des géif gudd ukommen, ech fréen mech dass se ierch och esozu gudd gefällt.
Ochiniwa 17.04.2008 - 00:15
Do hues de awer een missen bestiechen fir esou no drun ze kommen!

Ass wirklech super gelongen!
Knipser 17.04.2008 - 07:24
Et as hei an do ganz netzlech wann een Frenn op déer richteger Platz huet..... merci
gunman 12.05.2008 - 22:47
Super Photo
Ech ginn der 10 vun 10
Knipser 13.05.2008 - 12:05
Ma villmols merci, freht mech wann se gefällt.
ekimlux 24.01.2009 - 10:20
(geläscht)
Knipser 26.01.2009 - 12:52
merci.
Shantideva 06.09.2009 - 23:34
Boah! Déi ass awer och geil! Allerdings hatten mir déi Chance déi leschten Kéier net. Du schengs daat jo dann all Joer ze organiséieren.... Vergiess mech net erem op d'Lescht vun 2010 ze setzen... tongue
Knipser 08.09.2009 - 09:29
Du stehs schon drop ;- , nächst joer awer net méi am Summer bei 30 Grad.
suraki 27.09.2009 - 08:58
en deppen dat ausernaner brecht .... top
Knipser 29.09.2009 - 20:27
merci, jo do as Wuppes dran.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 414 Gäscht online