Flott! A virun allem ass de Reeër nit iwwerstralt, wat bei deene Sëlwerreeër nawell gären de Fall ass.
Ass iwwerhaapt eppes lass zu Riermerschen? Si scho Jäitzerten ze gesin an ze héieren? Ech wier nawell elo an der Vakanz eemol kucke komm, mais wann ech näischt ze knipse kréien, ausser Reeër a Blässhinger, dann...
Also am Haff Réimech passen ech net sou op d'Viggel op, där hun ech genuch beim Haus. Ech kann dir dofir näischt iwer d'Jäitzerten erzielen.
Wann ech awer e Reeër sou erwëschen wéi deen heiten dann sen ech emmer frou well si sen immens schei an net emmer einfach ze virun d'Lens ze kréien. Blässhinger sen natierlech emmer genuch do, daat ass keng grouss Erausfuerderung méi.
Mir feelt nach e Kormoran mat engem Fësch am Schniewel an och nach en Äisvuggel, hei goufen der schon vill gewisen mee ech haat d'Chance nach net.