Kommentar vum Fotograf:
Analog ënnerwee mat der Nikon F90x an dem 35-70mm um Tour roderem de Stau. Hei um Point de vu vum Lieu-dit Teupelt, wou een rof op d'Rommwiss ka kucken, awer och méi wäit en aval bis op Ensber, wéi op ménger Vue. Film war ee Cinestill 50.