Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Fujifilm400 / Kodak Portra 800

All Fotoen an dëser Serie:
47444 Thumbnail
47445 Thumbnail
Fujifilm400 / Kodak Portra 800
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.01.2022
  • Gekuckt:
    130
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Originaldatum:
    2021
  • Fotoapparat:
    Leica M-A analog
  • Objektiv:
    Leica Summicron 50mm f/2.0 (IV)
Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91796]
Kommentar vum Fotograf:
Analog Nuetsfotoen, Testfotoen, Fujifilm 400 iso vs Kodak Portra 800 iso, se sin allen zwou mam selwechten Apparat Leica MA an Objektiv Leica Summicron 50mm f/2 @f/2 mat 1/15 sec beliicht gin, nom Prinzip oppe Blend an esou laang beliichten wéi een aus der Hand kann halen, di 2 Fotoen sin di selwecht Auer just e puer Deeg Intervall gemach gin. Fräihand ouni Stativ ouni intern/extern Beliichtungsmiesser

N° 1 = Kodak Portra 800
N° 2 = Fujifilm Superia X-tra 400
wuff 15.01.2022 - 08:16
Déi zweet gefält mir besser well se méi Kontrast huet. Kann awer och sinn dass dei éischt liicht verwackelt as bei dëser Beliichtungszäit. En Stativ hätt do gehollef en besseren Vergläich ze maachen.
gemu 15.01.2022 - 10:09
Merci wuff fir däin avis, ech hat just ee Portra 800 mat fir Nuetsfotoen deen ech natierlech och dun hu missen fir d'Dagesfotoen benotzen waat net ideal ass. Vu que dat ech och nach e Fujifilm dobäi haat, hun ech mech du gefrot ob ech deen genau esou kéint benotzen fir Nuetsfotoen mat nëmmen 400 iso. Et voilà cqfd, en plus ass en méi polyvalent fir d'Dagesfotoen an nëmmen d'halschent vum Präis de Portra 800 kascht 16-18 euros! Et ass och bei den Testfotoen dorëm gangen fir ouni Stativ auszekommen. Ech haat och n?mmen 1 Objektiv 50mm f/2 dobai di next Fotoen gin elo mat Fuji 400 oder Portra 400 esouguer Portra 160 mat engem 28er Objektiv 2.0 oder 35 Objektiv 1.4 gemach fir wakelfrai mat 1/15 ze schaffen a brauch definitiv de Portra 800 net onbedengt. A propos quali, meng analog Fotoen sin eigentlech geduecht fir an e Fotobuch op anst?nnegen Papeier geprint ze gin am Format 13x18 cm , wou se er?icht richteg flott zur Geltung kommen a lieweg gin
Nicon07 15.01.2022 - 10:57
Gutt erklärt vun iech zwee. De Portra 800 huet vläicht wirkléch ee Bessere Ruff, wéi en a Wirkléchkeet ass. Mais ech denken, dee Film ass am beschten an der "Twilight Zone", also an der bloer Stonn, wou nach (schon) e bëssen Daagesluucht do ass, an awer schon d'kënschtléch Beliichtung un ass.

Zu dem Printe vun "Analogies" op Pabeier: wéi méchs du dat dann? Sou wéi zu eiser Jugend, wou mir d'Fotoe vun der Fuji Frontier automatesch iwwer Nuecht, oder an enger Stonn, op Pabeier kritt hun an duerno mat Fotoecken an een Album gepecht hun? Oder awer ee scan an dann digital op ee Buch mat Fotopabeier? Wou fënns du dann ee Labo, deen dir déng Fotoen an der Dunkelkammer mam "Durst" an ee Buch op Fotopabeier print, ouni datt dat d'Aaen aus dem Kapp kascht?
gemu 15.01.2022 - 11:14
Jo, effektiv blo Stonn schéint mir och en idealen Asatz fir den 800er Portra, soss fir mech entäuschend an ass seng Suen net wäert. Meng Fotoalben loossen op Basis vun de scan aus de Labo machen bei pixum.com wëll ech mat der software mech auskennen an eens gin, a well ech mat der Quali ganz zefridde sin. Gréisser Fotoen (60x60) fir un d'Mauer vu analogen. Mëttelformatbiller gin looosen ech bei "eisem Partner" Lecuit um Howald a beschter Qualitéit vum Profi drécken. Daat kann awer deier gin well hien huet nach esou flott aaner Saachen am Buttek. Dees lescht sin ech mat engem Summaron 28mm f/5.6 aus dem Buttek gangen wei ech main scan ofgin hun fir ze printen closed_eye
Nicon07 15.01.2022 - 16:57
Ech war scho laang a kengem Buttik méi hei zu Lëtzbuerg, aus genee deem dote Grond. Do huet mäi Porte-monnaie och d'Tendenz, séch erliichteren ze wëllen. smile
Nicon07 15.01.2022 - 11:07
Wann ech dat elo um Schierm vu méngem 2019er iMacPro kucken, da gefällt mir de Rendu vum Portra awer een Tick besser. Ech fannen de Fuji huet ee liichte Gringstach, deen am direkte Vergläich fir mäin Empfannen net sou dat ass. Do hun ech da léiwer dee warme Gielstéch vum Portra. Mais ech megne, wat nach de verglach schwiereg mécht, dat sin di ënnerschitttléch Standpunkter, déi jo och een Afloss op d'Beliichtung hun an dann d'Lumière ambiante, déi subjektiv gekuckt jo awer am 2 Deeg Ofstand nit di selwecht ka sin, och wa mir dat mat eisem Gehiir "kompenséieren". An dann duerf een och net vergiesse, wéi di 2 Filmer gescanned gi sin. Vu datt mir jo eis Filmer bei dem selwéchten entwéckelen a scanne loosse, misst du jo och d'Erfarung gemaach hun, datt et nach laang net egal ass, ween do hannert dem Scanner sëtzt, gedu?
gemu 15.01.2022 - 12:27
Absolut do läit d'Kromm an der Heck, de scan ass jo och nëmmen eng Interpretatioun a do gin et grouss ?%u2039nnerscheeder suivant l'opértateur. Ouni Zweifel de Fuji ass per se méi grengstécheg a bekannt dofir. En général sin ech zimmlech entäuscht vun alle farwege Fotoen am KB format sief et Ektar, Portra, Fuji (am mansten entäuscht) contrairement zum Mëttelformat wou ech ganz zefridde sin mat Kodak. Aus deem Grond huelen am KB meeschtens och nëmmen sw Filmer. Ech testen awer nach den einfachen Kodak Gold am KB. Ech muss och mol de Cinestil 50 prob?ieren mee deen ass schw?ier ze kr?ien
Nicon07 15.01.2022 - 16:47
Wann ech éierléch sin, da weess ech net, ob ech nach dacks Filmer an d'Eifel schécken. Mir hu se nämléch ee Rpllei Crossbird sou onméigléch gescanned, datt alles just nach däischtergring ass. Ok, dee Film huet een extreme Gringstéch, awer net sou krass, wéi dat, wat ech do kritt hun. An d'Negativer si carrément mof. Selwer scanne kann ech awer een 127er Film net, well ech keng Schabloun dofir hun.
LeeLee virun 20h 35m
Mäin Tip: Negativ/Dia an alle méigleche Formater nët scannen, mee mat engem Macro mat der DSLR offotograféieren. Ech maachen et nëmmen nach esou. Natierlech muss ee sech Gedanken iwwert dee ganzen Opbau maachen, deen dann a Richtung vun enger optescher Bänk mat diffuser Beliichtung a Balgegerät fier d'Feineinstellung geet. Wann een dann nach B&W/C41 selwer entwickelt, ass een op kee méi ugewisen an et kann ee genau déi Qualitéit erzielen déi ee brauch. E 36er C41 hun ech a manner wi 30 Minuten entwickelt, nom Drëschnen a - 20 Minuten op der Späicherkaart an no enger weiderer Stonn hun ech d'Biller a brauchbare Positiver um Computer, wou ech dann natierelch fier di puer gudder nach méi Zäit investéiere muss.
Nicon07 virun 19h 11m
Gutt Iddi, mais du hues et op de Punkt burecht: di korrekt Ausliichtung an de Wöissofgläich muss een hikréie mat de « Moyens du bord ». Wann ee keng Table lumineuse huet, ass et net onméigléch awer Gepiddels. Mais et ass op alle Fall ee Versuch wärt. Merci.
gemu virun 11h 42m
Daat do klengt ganz iwerzeegend, de richtege workflow fir onofhängeg an iwerhaapt zu DEEN Resultat ze kommen wéi een sech daat firstellt. Ohne Fleiss kein Preis, natierlech brauch een den adequaten Equipement, et ass mol eng Iwerléeung wäert, et knéckt een jo soss och net mam Fotomaterial closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

op der Breck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: midea
Am Ganzen: 3709
keen Benotzer an 278 Gäscht online