Ee Sujet, zwou Perspektiven, spannend allen zwou, och wann ech eng Virléift, fir déi aus gläicher Héicht zur Buerg hun. A wann een hei der CFL hir Warnung "Un train peut en cacher un autre" op d'Gebäier iwwerdréit, gëtt een iwwerascht. An och schéin, wëll d'Buerg nët oft vun däerer Säit gewise gëtt.
Du kanns et dréie, wéis du wëlls, déi Zäite si riwwer a kommen sou ni méi rëm. Well sollt et jemols neess eng Kéier sou sin, datt mir nach just zu 350 000 sin, da gëtt et di meescht vun deenen "Maria Theresia"-Haiser hei net méi.
Flott ongewint Perspektiv vun do uewen, op der éischter, iwriens och mäin Favorit, an de Genaro huet recht, mat denger Kierp un der Rolli hues du e gut Stéck um Zäitrad gedréint a fir eis di 350.000 nach eng Kéier virgespillt, gut esou frée mech op weider Biller vun denger Zäitrees