Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Boats...
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.03.2021
  • Gekuckt:
    20291
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    5
  • Beliichtungszäit:
    1/1000 sec
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    42 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    0 EV
  • Gréisst:
    1500x1065
  • Späicherplaz:
    643 KB
  • Originaldatum:
    2021:02:25 15:52:52
  • Fotoapparat:
    E-M10MarkII
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91212]
Kommentar vum Fotograf:
... on the Lake

Wee klickt gesäit méi
Paul-H 05.03.2021 - 22:24
Un sech eng ganz schéin Foto. Mee souvill rauschen bei ISO 200?
Am Himmel hätt ech och nach déi puer Flecken wech gemaach...
Jaycee 05.03.2021 - 23:28
Mam Rauschen daat ass esou eng Saach... ech hu wahrscheinlech bei der Postproduction ze häfteg un de Kneppecher gedréiht, de klengen MFT Sensor reagéiert do méi zickeg wéi een FF...
Ech gesin um Himmel och zwee Flecken, hun awer gemengt ët wären Villercher, mais elo sin ech nët méi esou sëcher.
Merci fir de Feedback smile.
Paul-H 06.03.2021 - 12:12
Ass gär geschidd. Jo bei der Bea kann mol esou e Rauschen entstoen, ech denken daat ass jidferengem vun eis mol geschitt.
Waat Flecken am Himmel betrefft sou denken ech och dass et Villercher sin. Sensorflecken wieren bei f8 jo awer éier ongewéinlech. Meng Devise ass do emmer: Wann een se net als solch erkennt maan ech se wech well se de Betruechter éier stéieren.
Paul-H 06.03.2021 - 12:50
Mee, verstéi mech net falsch, ansonsten ass deng Foto ganz uspriechend.
Jean-Jos 07.03.2021 - 22:25
D'Booter, de Séi, d'Déift an d'Stëmmung gefale mir richteg gutt
eenzeg den Himmel ass eng Grëtz zevill verpixelt.
An du hues eng Reih Sensorflecken: am meeschten stéiert deen op 12.03 an deen op ongeféier 2 Drëttel /- an der Mëtt vun uewe gekuckt, déi 2 aner si méi harmlos, wëll am bloe Beräich, awer dat léisst sech behiewen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
2 Benotzer an 414 Gäscht online