Op alle Fall ass dee Globus, op deem mir evoluéieren och eng Zort p Prisong, do hues du Recht. An di puer Astronauten, déi bis elo an den All fléie konnte, sin och nach net grad wäit fort vun deem Prisong komm. An deem Sënn hues du Recht, Pierrette. Mais trotzdem hu mir awer d'Illusioun vu Fräiheet gehat an dësem Prisong, bis viru Corona op jidder Fall mol...
So mir et nët... Ech hu der zwee sou... Deen een ass zu Zürich a ségnem Appart an deen aanere sëtzt heiheem am homeirgendeppes... Mais di zwee huelen et relativ relax, muss ech soen... si arrangéieren séch mat de sozialen Netzwierker, och wann et effektiv net evident ass... Mais si hu jo eis als Elteren, déi hinnen awer iregendwéi an dëser Situation eng Hëllef kënne sin.
Jo kloer, méin Bouf mecht daat och, an natierlech probéieren mer eisen Kanneret sou einfach wei méiglech ze man, schléit jidderengem opt Gemiet daat doen
Ech si mëttlerweilen op deem Punkt ukomm, datt ech mir nët méi virstelle, wéi et kéint si, wann nach alles wier, wéi et war, mais ech probéieren dat Bescht aus där Situatioun ze maachen an där mir sin. Als Enseignant, deen ënner aanerem éducation à la citoyenneté gëtt, hun ech souwisou eng bal onméigléch Aufgab am Moment... Ech traue méch net, mir virzestelle, wéi mir et an de 70er oder 80er Joeren et gemaach hätten an sou enger Situatioun... Grad do, wou mir an der Pubertéit ënnerwee waren...