1,3,4 ups hun ech mech verzielt ? Nee, et sen dei 3 dei eng serie formeieren, dei 2t fannen ech net passend deurch de Bokeh an hierer net Schilloute esou flott ewei dei anner..! Eng Excellent Serie Jorsch !
Merci ornitho fir däi Kommentar an de Fav., hu mech driwwer gefreet!
Jo di Zweet fält e bëssen aus der Rei: Aner Champignonen, anert Objektiv ( 105 mm ), aneren Dag, allerdéngs déiselwecht Plaz an déiselwecht Dageszäit. Ouni di Zweet ass d'Serie natierlech immens homogen, awer ech hat gemengt dëst Bild kéint och e bësse Spannung duerch Ofwiesselung rabréngen.
Villmools Merci fir däi Kommentra an däi Fav.!
Bei 1,3,4 war et den 300mm f4 ( Nikon ). Ech hunn dat Objektiv immens gär fir esou Zwecker.
Bei 2 war et den 105 mmm Macro ( Nikon )
Boîtier: D750
Merci fir deng detailléiert Analys vun der 3. Foto.
Mir huet di 4. am beschte gefall wéinst der spuersamer Luucht déi vu riets hannen an d'Bild eraliicht. Mee de Choix ass perséinlech an adg. denken ech.
Merci Conley fir däi Kommentar!
Jo den Trioplan ... eng legendär Lens .... konnt mech bei der Souscriptioun vun der Neioplag net entscheeden .. hat grad den 300mm kaf ... mee villäicht spéider emol ... et muss e jo nach Dreem a Wënsch hunn ...
Flotte Bokeh, mir perséinlech gefällt die 3. Foto am beschten. Wär an der 4. Foto den zweete Champignon och nach scharf giff ech die och perfekt fannen. Top